Besser Schoulen, manner Chômage

Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Nivellement vers le bas: dëst schéngt de Leitmotiv vun de Schoulreformen ze sinn, déi vun de leschte Regierungen op de Wee bruecht goufen. Et brauch ee keng Pisa-Studie fir d’Resultat vun dëser desolater Politik ze beuerteelen. Eleng d’Zuel vun 21 000 Leit ouni Aarbecht, woubäi de Jugendchômage op 18% geklommen ass, ass eng déif rout Datz Wäert!

Dobäi ginn zu Lëtzebuerg lafend nei Aarbechtsplaze geschafen. Och d’Resultater beim Staatsexame schwätzen eng däitlech Sprooch: bis zu 85% vun de Kandidaten hunn dësen net gepackt.

Et kann net esou weidergoen, d’ADR wäert sech konsequent dofir asetzen, datt den Niveau an der ëffentlecher Schoul, vun der Grondschoul bis zur Première respektiv Treizième, nees däitlech an d’Luucht geet.

Eis eenzeg Matière première ass eis Matière grise; Lëtzebuerg ka säi relative Wuelstand a performante Sozialsystem nëmme laangfristeg erhalen, wann all Kand an all Jugendlechen, egal mat wéi enger Nationalitéit a sozialen Hannergrond, esou gefuerdert gëtt, datt e seng Begabungen a säi Potential beschtméiglech abrénge kann.
Dofir muss d’Schoul:
héichwäertegt Wëssen vermëttelen an d’Schüler ureegen, eegestänneg ze denken;
Wäerter wéi Éierlechkeet, Fläiss, Toleranz, Verantwortungsbewosstsäin an Zouverlässegkeet vermëttelen.
An de Grondschoule muss et en Direkter ginn, et muss do Lëtzebuergesch geschwat ginn an d’Integratioun muss do iewescht Prioritéit hunn. D’Léierpersonal an d’Raimlechkeete mussen esou ugeluecht sinn, datt et méiglech ass individuell op d’Bedierfnisser vun de Kanner anzegoen. D’Grondschoulen däerfen sech an Zyklen organiséieren, wou wéinstens zwee Enseignanten sech ëm d’Klass bekëmmeren, an d’ADR steet zum Prinzip vun der Ganzdagsschoul, do, wou d’Demande vun den Elteren aus geet. D’ADR steet zum Punktesystem an d’Zensure kënnen, wann néideg, mat  Beschreiwunge completéiert ginn.

D’ADR ass fir eng kloer Andeelung an de Lycéeën, tëschent dem klassesche Sekundarunterrecht an den technesche Lycéeën. De Classique soll dobäi als Haaptzil hunn, eng breet   Allgemeng-bildung ze vermëttelen an d’Schüler op Uni an Héichschoulen optimal virzebereeden. D’Sektioune musse bäibehale ginn, den Niveau an de Sprooche muss weider héich gehale ginn. D’ADR setzt sech fir d’Grënnung vun engem Konscht- a Musikslycée an.

De Lycée technique muss d’Schüler optimal bei hirer berufflecher Orientatioun beroden a begleeden, an sech un de Bedierfnesser vum Aarbechtsmaart orientéieren, woubäi natierlech d’Wënsch, d’Interessien an d’Fäegkeete vum eenzele Schüler respektéiert ginn. Bei der Beruffsausbildung mussen d’Modalitéiten esou ausgeschafft ginn, datt d’Kandidaten net ze séier un der Sproochbarrière scheiteren.

Deel dëse Post: