Berlin a Paräis bestëmmen d’EU-Marschrichtung

Wann een souwisou iwwer vill europäesch Decisiounen de Kapp rëselt an dës net blannemänneches akzeptéiert, kënnt ee méi einfach iwwert de Posteschacher, wéi en elo déi lescht Deeg nees zu Bréissel war. Iwwerzeegten Europäer hunn un deem Spektakel sécher méi ze schlécken. Wat awer do geschitt ass, bleift net ouni Konsequenzen. Duerfir huet d’ADR an engem Pressekommunikee nach eemol drop verwisen, datt eng Konsolidéierung vun den europäeschen Acquisen nëmmen iwwert en Europa vun de Natiounen méiglech ass. Iwwerdeems Berlin a Paräis den Zepter schwéngen a vill Länner doriwwer net glécklech sinn, ass net de Moment déi vill europäesch Problemer mam Ruff no méi Europa ze beäntweren.

Deel dëse Post: