Benelux-Konventioun: e “Jo” mat puer Bemierkungen!

D’Benelux-Konventioun, déi den 20. Februar 2014 zu Den Haag ënnerschriwwe gouf, bezitt sech op d’Kooperataioun iwwer d’Grenz eraus an interterritorial. D’ADR huet de 17. Januar an der Chamber hiren Accord zu dëser Konventioun ginn, allerdéngs mat e puer wichtege Bemierkunge vum Deputéierte Fernand Kartheiser. Fir datt esou eng Konventioun sënn- a verantwortungsvoll implementéiert ka ginn, hätten am Virfeld scho musse Preparatiounsaarbechte geleescht ginn, déi deen néidege rechtleche Kader geschaf an d’Konformitéit mam gesamtstaatlechen Interessi séchergestallt hätten.

 

Deel dëse Post: