Den 8. Mee huet d’ADR op enger Pressekonferenz hir Propositioune zur Bekämpfung vum Chômage presentéiert. D’Generalsekretärin Liliana Miranda ass op déi 5 Prioritéiten agaangen.
1. E Schoulsystem, deen op d’Beruffswelt virbereet!
Den héije Chômagetaux ass virun allem drop zréckzeféieren, datt déijéineg, déi eng Aarbecht sichen, net dee Bagage mat sech bréngen, deen och um Aarbechtsmarché gefrot ass. De direkte Lien mam nivellement vers le bas, deen an de Schoule bedriwwe gëtt, ass evident : et fält zwar kee méi duerch, mä vill fannen och keng Aarbecht.
D’ADR huet d’Reform vum Enseignement fondamental, an zum Deel och déi vun der Formation professionnelle, net matgedroen, well se engem Demontage vum Lëtzebuerger Schoulsystem entsprécht.
Et ass fundamental, datt an der Formation professionelle op den dualen Ausbildungssystem gesat gëtt! Däitschland an Éisterräich ginn zënter Joren op dee Wee mam Resultat, datt de Jugendchômage bedeitend méi niddreg ass wéi an deenen aneren EU-Länner. Den Taux vu jonke Chômeuren (ënner 25 Joer) läit an Däitschland an an Éisterräich bei 7,6%, zu Lëtzebuerg läit e bei 19,7%. D’Léierbud zu Déifferdeng muss duerch en Ausbildungszentrum ersat ginn.
2. Der Orientéierungslosegkeet en Enn setzen!
D’ADR huet sech jorelaang dofir agesat, datt déi wichteg Aufgab vun der Beruffsorientéierung net vum SPOS, mä vun enger anerer Instanz iwwerholl gëtt. D’Maison de l’orientation ass an deem Sënn e Schrëtt an déi richteg Richtung, mä et ass nach ze fréi fir festzestellen, ob dëse Guichet unique och tatsächlech seng Roll erfëllt.
Zwou Prioritéiten:
– Formation professionelle: kee Gläichgewicht tëscht Offer an Demande
Am Joer 2012 konnten op där enger Säit fir 188 Léierplaze kee Léierjong / Léiermeedche fonnt ginn an op där aner hunn 309 jonk Leit keng Léierplaz fonnt.
-> Méi Flexibilitéit a méi Bereetschaft, sech fir eng Beruffsausbildung z’intresséieren, déi een a priori net envisagéiert hätt
– Universitéiten: déi gréissten Orientéierungslosegkeet!
Trotz dem héije Chômagetaux huet d’Regierung et nach ëmmer net fäerdegbruecht, zouverlässeg Donnéen am Beräich Héichschoulwiesen op d’Been ze stellen. Et gëtt awer eng erschreckend Zuel: nëmmen een Drëttel vun deenen, déi sech an e bestëmmtenen Héichschoulstudium lancéieren, schléissen deen och of! Een Drëttel entscheet sech fir eng aner Fachrichtung an een Drëttel gëtt d’Héichschoulstudien op.
-> Vill méi individuell Orientéierung no der 1ère / 13e
3. Fräiwëllegendéngscht: eng Erfahrung, déi et derwäert ass!
Am Ament besti scho 4 verschidde Servicer am Beräich vum Fräiwëllegendéngscht: Service volontaire de coopération, Service volontaire civique, Service volontaire européen a Service volontaire d’orientation.
D’ADR ass fir d’Bäibehale vum fräiwëllege Charakter, mä fir eng méi grouss Promotioun vun deene Servicer!
De Fräiwëllegendéngscht soll et de jonke Leit erlaben, hiert zukünftegt Liewe méi bewosst ze gestalten. Et geet drëms, datt déi Jonk léiere Verantwortung z’iwwerhuelen an datt se hir éischt Erfahrungen am Aarbechtsalldag sammelen, ier si sech fir eng bestëmmte Carrière entscheeden. Nieft de Secteuren, déi souwisou scho ganz aktiv an deem Beräich sinn (Soziales, Kultur, asw.) misst et och méiglech sinn, de Fräiwëllegendéngscht z.B. am Rettungswiesen ze absolvéieren.
De Benevolat, deen zënter Joren an der Kris ass, géif ganz staark vun engem revaloriséierte Fräiwëllegendéngscht profitéieren.
Den Interessi ass jiddefalls do: nëmmen een Drëttel vun de jonke Leit, déi sech fir ee vun de véier Servicer mellt, kritt och eng Plaz (QP 2631 vum Fernand Kartheiser): zënter 2007 bal 3000 Demanden a knapp 1200 jonk Leit, déi och eng Plaz an enger Organisatioun fonnt hunn.
Där héijer Demande muss Rechnung gedroe ginn!
4. Beschäftegungsinitiativen: en Desaster, dee virauszegesi war!
Schonn 2006 huet sech d’ADR fir d’Opléise vun de Beschäftegungsinitiativen ausgeschwat.
Et wier méi sënnvoll gewiescht e Service un d’ADEM unzeglidderen, mam Zil déijéineg, déi eng Aarbecht sichen, um éischten Aarbechtsmarché ënnerzebréngen. Fir d‘Betriber muss et selbstverständlech vum Finanziellen hir intressant sinn, fir Demandeurs d’emploi anzestellen.
D’ADR ass der Meenung, datt d’Subventioune musse prinzipiell héich sinn an an engem Zäitraum vun 2 Joer degressiv erofgoen. Dofir muss awer eng Obligatioun bestoen, fir déi betraffe Leit och anzestellen.
Déijéineg, déi keng Aarbechtsplaz um éischten Aarbechtsmarché fannen, sollen am ëffentleche Secteur ënnerbruecht ginn, an zwar duerch Konventiounen tëscht der ADEM an dem Staat, de Gemengen an den ASBLen. Wat d’Renumeratioun ugeet, ass d’ADR der Meenung, datt den aktuelle System däerf bäibehale ginn.
Dat, wat elo mat de Beschäftegungsinitiative geschitt, entsprécht zum Deel deem, wat d’ADR verlaangt huet a wat och ze virausgesi war.
-> Et ass d‘Resultat vu Gemauschels vu Parteien a Gewerkschaften!
5. ADEM: eng Verwaltung ouni Féierung an ouni Personal
Fir datt eng Verwaltung gutt fonctionnéiert, muss och d’Féierung klappen. Am September krut d’ADEM eng nei Direktioun – e puer Méint drop koum schonn déi nächst Equipe. Et gëtt een d’Gefill net lass, datt déi fréier Direktesch „gaange ginn ass“. Et ass also déi drëtt Direktioun an engem Zäitraum vun e puer Méint. An engem Joer si Walen a Lëtzebuerg kéint en neien Aarbechtsminister kréien – an da geet alles vu vir un!
-> Méi wéi ee Joer laang keng richteg Féierung!
D’ADEM muss egal wéi déi Moyenen zur Verfügung gestallt kréien, déi se brauch. Méi Moyenen heescht och méi Personal.
Am Ament këmmert sech jiddfer Conseiller professionnel ëm net manner wéi 300 Demandeurs d’emploi. Um internationale Plang gëtt e Ratio vun 100 Demandeurs d’emploi pro Conseiller professionnel ugeroden. Mir sinn also nach ganz wäit dovunner ewech!
Vun deenen Zuelen ofgesinn ass et virun allem wichteg, datt an der ADEM Leit schaffen, déi aus den ënnerschiddlechste Secteure kommen, déi praktesch Erfahrung hunn an déi detachéiert ginn (d.h. déi fir eng zäitlech begrenzten Zäit als Conseiller professionnel an der ADEM täteg sinn).
Fir all Secteur muss et op d’mannst een Uspriechpartner ginn!
Fir de Secteur Horesca fonctionnéiert dëse System zimlech gutt an dofir sollt en och op déi aner Secteuren applizéiert ginn.
D’ADR ass der Meenung, datt nëmmen eng proaktiv Haltung zur Bekämpfung vum Chômage bäidroe kann: entsprécht de Profil vun engem Chômeur deem, wat op enger bestëmmtener Plaz gesicht gëtt, da muss op d’mannst e Gespréich mam Uspriechpartner vum betraffene Secteur stattfannen.
6. Aner Mesuren
– D’ADR verlaangt, datt déi sougenannte Jugendgarantie esou séier wéi méiglech ëmgesat gëtt, an net just kuerz virun de Walen.
– Och d’Reform vum Reklassement muss esou séier wéi méiglech a Kraaft trieden.
– D’Pré-retraite solidarité däerf net ofgeschaf ginn.
Conclusioun
Nieft dëse Mesuren ass et och wichteg, datt et zu engem Mentalitéitswiessel kënnt: d’Betriber musse kënne bereet sinn, fir Residenten anzestellen – an d’Salariat muss och kënne bereet sinn, fir z.B. am Horesca oder am Handwierk ze schaffen.
Dir wëllt de Pressedossier liesen? Einfach déi éischt Säit uklicken!