Beim Scheedungsgesetz ass Onrou virprogramméiert

Eist Scheedungsgesetz, wéi mir et bis elo haten, war sécherlech net perfekt. Wat awer elo op eis duerkënnt, ass schlicht en Desaster, esou de Roy Reding a senger Interventioun vum 14. Juni. An dobäi ass den ADR-Deputéierte ganz sachlech bliwwen an huet net probéiert, onnéideg ze dramatiséieren. Bei aller Sachlechkeet schléit allerdéngs de schieren Inhalt vun deem Gesetzestext dem Faass de Buedem aus: eng Ongereimtheet no där anerer, steigend Käschte fir de Steierzueler, e Méi u Belaaschtunge fir déi Betraffen, kuerz gesot: virprogramméierte Chaos par exellence. Eng jonk verléift Koppel muss sech elo zweemol iwwerleeën, ob si sech iwwerhaapt nach bestuede wëll. Familljefrëndlech Politik gesäit anescht aus.

De Roy Reding huet a senger Interventioun kloer Propositiounen op den Dësch geluecht, wéi een dat bestoend Gesetz hätt kéinte sënnvoll ëmänneren. Deen heite Gesetzestext hätt Gambia dem Land erspuere kéinten.

Deel dëse Post: