Behandlung vum ADHS: och fir Jugendlecher!

ADHS, also Opmierksamkeetsstéierung oder Hyperaktivitéit, ass eng vun den heefegsten neurologesche Stéierung bei Kanner a Jugendlecher. Hautdesdaags ginn dës Stéierungen, wann se bei jonke Kanner diagnostizéiert ginn, relativ gutt a Betruecht gezunn, esouwuel wat de medezineschen a psychologesche Volet betrëfft, wéi och an der Schoul.
Leider gëtt et awer nach vill Problemer bei jonken Erwuessenen, esouwuel wann se schonns als Kand op ADHS behandelt gi sinn, wéi och wann de Diagnostik méi spéit opgestallt ginn ass.
Dowéinst huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt. An d’Äntwert bréngt wéineg Neies … besonnesch net fir déi Leit, déi eréischt hir ADHS-Diagnose kréien, wa se scho méi al sinn.

Deel dëse Post: