Begriefnisrite vun net-chrëschtleche Reliounsgemeinschaften

Zu de Begriefnisrite vun net-chrëschtleche Reliounsgemeinschaften huet de Fernand Kartheiser folgend Froen un de Kultusminister, d’Banneministesch an d’Gesondheetsministesch:

Fro:

Eng Rei vu Reliounsgemeinschaften hei am Land hu Problemer domat, fir hir Verstuerwe kënnen op engem Kierfecht ze begruewen, dee konform zu den Exigenze vun hirem Glawen ass. Dëst schéngt besonnesch bei de jiddeschen a muslimesche Communautéiten de Fall ze sinn, awer och z.B. bei de Bahá‘í. Och bei de  Begriefnisrite selwer kënnen et Problemer ginn, well d’Hygiènesbestëmmunge verschidde Gesten net zouloossen.

Dowéinst wollt ech der Regierung dës Froe stellen:

  • Wéi eng Reliounsgemeinschafte froen am Ablack fir Parzellen ze kréien, ob deene si hir Verstuerwe kéinte konform zu hire Glawensbestëmmunge begruewen? Wéi eng Kierfechter gëtt et scho fir déi Communautéiten a wat wëll d’Regierung maachen, fir datt genuch Parzelle fir si zur Verfügung gestallt ginn? Ass si an där Fro am Dialog mat de Gemengen? Envisagéiert d’Regierung, datt fir déi gréisser Communautéite regional Léisunge kéinte fonnt ginn?
  • Verschidde Reliounen hu speziell Riten, ewéi z.B. wat d’Delaie vum Begriefnis ugeet, oder datt dee verstuerwene Mënsch muss gewäsch ginn, wat awer no de Bestëmmungen hei am Land net ëmmer geet. Wéi eng Problemer stelle sech konkret an deem Kontext a wat envisagéiert d’Regierung ze maachen, fir Léisungen ze fannen?

Äntwert:

Et gëtt am Ablack keng offiziell Ufro vun enger Reliounsgemeinschaft fir eng Parzell ze kréien op där d’Reliounsgemeinschaft kann hier Verstuerwe konform zu hire Glawensbestëmmunge begruewen. De Kultusminister huet reegelméisseg Echangë mat de verschiddene Reliounsgemeinschaften déi vun der Problematik betraff sinn fir sie mat anzebannen. Déi lescht Reunioun war de 24.Oktober 2023.
Op der anerer Säit goufen et och Echangen tëschent de Vertrieder vum Staat an dem SYVICOL.
Dowéinst huet d’Regierung schonn en techneschen Aarbechtsgrupp um Niveau vun de Ministèren aberuff, deen als Missioun kritt haat, fir all d’Bestëmmungen (um Niveau vum Staat), déi mat der Bestattung ze dinn hunn, inklusiv wat den Amenagement vun de Kierfechter ugeet, op de Leescht ze huelen.
Dat betrëfft zemools d’sanitär Mesuren, mee och Froe vu Geologie, Hydrologie, Naturschutz an déi kulturell respektiv kultuell Aspekter, déi alleguer zesummenhänken an och ee vun deem aneren ofhänken.
Säit dem Gesetz vum 1. August 1972 leien d’Kierfechter an der Kompetenz vun de Gemengen, a sinn esou, wéi all aner ëffentleche Service, neutral. D’Neutralitéit vun engem Kierfecht verhënnert net, datt d’Bierger, wa se dat wëllen, sech no hiren eegene reliéise Konvictiounen kënne begruewe loossen.
Fir dat adequat kënnen ze garantéieren, strieft d’Regierung eng holistesch Approche un a viséiert, op där enger Säit, de Gemengen, respektiv de Gemengesyndikater e Katalog u moderniséierten techneschen a sanitäre Standarden a Prozeduren ze proposéieren, déi eng modern Gestioun vun engem Kierfecht duerch d’Gemenge ka garantéieren, an op där anerer Säit et de Bierger erméiglecht, hir reliéis Bestattungsriten am neutrale Kader vun engem Kierfecht kënnen ze vollzéien.
An dësem Kontext schafft d’Regierung och u regionale Léisungen, déi den Doleance vu verschiddenen Reliounsgemeinschafte Rechnung droen.
Des Weidere gëtt vun dësen Aarbechte profitéiert fir d’Demarchen, déi d’Famillje musse/kënnen nom Doud vun engem Familljemember maachen, ze vereinfachen.

Deel dëse Post: