Begleetbréif vum Technikerdiplom – firwat just op Franséisch?

Ass dat net absurd, datt eis Schüler hir Diplomer op eege Käschten iwwersetze loosse mussen, fir op Unien zougelooss ze ginn? Dozou eng aktuell parl. Fro vum Fred Keup un de Schoulminister:

Fro:

Eis ass do e Fall zougedroe gi vun enger Schülerin, déi dëst Joer am LTAM en Diplom als Elektrotechnikerin am Beräich “Smart Technologies” krut. Dësen “Diplôme de technicien”, ënnerschriwwe vum Direkter vun der Chambre de Commerce, vun der Presidentin vun der Chambre des Salariés a vum Direkter vun der Beruffsausbildung an ausgestallt vun der Regierung, ass an dräi Sproochen (Franséisch, Däitsch an Englesch) ofgefaasst. Allerdéngs ass de Begleetbréif vum Ministère, mam “Relevé pour la mention pour élève XY”, deen iwwer d’Modullen informéiert, déi d’Schülerin am Laf vun hirer Ausbildung absolvéiert huet an déi fir d’Berechnung vun der Mentioun consideréiert goufen, just op Franséisch. Well d’Meedchen an Däitschland weiderstudéiere wëll an d’Héichschoul eng Iwwersetzung vum Begleetbréif verlaangt huet, huet d’Schülerin missen en Iwwersetzer engagéieren, fir dëst Dokument iwwersetzen ze loossen, wat net nëmmen eng zousätzlech finanziell Belaaschtung fir d’Schülerin duergestallt huet, mee och dozou gefouert huet, datt d’Schülerin hir Ënnerlagen net fristgerecht un d’Héichschoul schécke konnt an si elo riskéiert, ee Semester ze verléieren.

Wéi eis zu Ouere komm ass, handelt et sech dobäi net ëm en Eenzelfall. Dofir géif ech gär dem Här Minister folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister confirméieren, datt de Begleetbréif vum “Diplôme de technicien” grondsätzlech just op Franséisch ofgefaasst gëtt? Wa jo, aus wéi enge Grënn gëtt dat Dokument just an där Sprooch ausgestallt?
  • Wier den Här Minister bereet, sech bei deene betreffenden auslänneschen Héichschoule fir Studenten anzesetzen, déi duerch dësen Ëmstand riskéieren e Semester ze verléieren?

Äntwert:

Ech reagéieren op dem honorabelen Deputéierte seng Froe mat dëse Prezisiounen.
Et ass richteg, datt deen zitéierten Relevé pour la mention nëmmen op Franséisch bis ewell ausgestallt
gëtt. Dëst wäert awer bis de Summer 2024 geännert ginn. Effektiv ass de Service vun der
Beruffsausbildung zanter enger Zäit amgaangen, all d’Dokumenter, déi mam Ofschlossdiplom a
Verbindung sinn, ze iwwersetzen. Esou gëtt et haut schonn den Diplom selwer, d’Certification des
modules préparatoires (ouni d’Annexe), d’Note moyenne globale (op Demande an ouni d’Annexe) an
den dräi Sproochen. Dësweideren gëtt de Supplément descriptif au diplôme op Däitsch a Franséisch
ausgestallt. Nieft dem Relevé pour la mention wäert dann och de Relevé des modules réussis ab
Summer 2024 op dräi Sproochen verfügbar sinn.
Am Prinzip sinn d’Universitéiten an Héichschoulen autonom, wat d’Admissioun vu Studenten
ubelaangt.

 

 

Deel dëse Post: