Bedeelegung vun Auslandslëtzebuerger u Chamberwalen

Bei de leschte Chamberwalen 2018 waren all d’Lëtzebuerger op der ganzer Welt opgeruff, fir hiert Parlament ze wielen. Vun deene ronn 100.000 Auslandslëtzebuerger hunn der awer nëmmen 1.529 ee Walziedel ugefrot, esou dass een dovun ausgoe kann, dass, wann ee bei dëser Rechnung déi circa 20 % Mannerjäreg ofrechent, just 2 % vun de walberechtegten Auslandslëtzebuerger vun hirem Walrecht Gebrauch gemaach hunn. Am Ganze louch d’Walbedeelegung bei de Chamberwalen deemno bei circa 69 % an d’Abstentioun bei 31 %. Ass dëst an den Ae vun der Regierung een zefriddestellend Resultat?

Deel dëse Post: