[BEÄNTWERT] Référendum local

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister weiderzeleeden.

D’Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 gesäit am Artikel 35 d’Méiglechkeet vun engem Referendum um lokale Plang vir. D’Modalitéite vun esou engem Referendum sinn am groussherzogleche Reglement vum 18. Oktober 1989 festgehale ginn. Deem Règlement no kann e lokale Referendum entweder opgrond vun enger Decisioun vum Gemengerot oder op Ufro vun enger gewëssener Unzuel u Wieler organiséiert ginn. Handelt et sech ëm eng Biergerinitiativ, an net ëm eng Decisioun vum Gemengerot, gesäit d’Règlement explizit vir, datt jiddfer Wieler muss « indiquer de sa main et lisiblement ses nom, prénom, date de naissance et adresse exacte et apposer sa signature derrière les indications relatant son identité ».

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

  1. Ass den Här Minister der Meenung, datt et nach zäitgeméiss ass fir am Kader vun esou enger Ënnerschrëftesammlung all méiglech Form vun elektroneschem System auszeschléissen?
  2. Ass den Här Minister net der Meenung, datt et sënnvoll wier an deem Beräich mat der Europäescher Commissioun zesummen ze schaffen, well si schonns am Kader vun der Europäescher Biergerinitiativ eng entspriechend open-source Software entwéckele gelooss huet?
  3. Ass den Här Minister net der Meenung, datt et sënnvoll wier an deem Beräich mat der Chamber zesummen ze schaffen, där hire President deslescht ugekënnegt huet och op de Wee vun der elektronescher Petitioun wëllen ze goen?

 Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Jean-Marie Halsdorf, Ministre de l’Intérieur et à la Grande Région

Deel dëse Post: