“Bazar International” ouni israeelesche Stand

Um “Bazar International” gouf et dëst Joer keen israeelesche Stand. De Fernand Kartheiser huet dozou e puer Froen un d’Regierung:

Fro:

Déi Verantwortlech fir d’Organisatioun vum „Bazar International“ vu leschtem Weekend (24.– 26. November) hu Vertrieder vum israeelesche Stand ausgelueden – dëst, wéi et heescht, aus „organisatoresche Grënn“. Op Nofro vun der Press, wat genee dës „organisatoresch Grënn“ da gewiescht wären, bleiwen déi Responsabel vum „Bazar International“ awer eng konkret Äntwert schëlleg. Ënnert anerem heescht et, et hätt ee Sécherheetsbedenke gehat. D’Police huet allerdéngs matgedeelt, datt een d’Sécherheetssituatioun analyséiert hätt a keng konkret Gefor gesinn hätt.

Evidenterweis hunn déi genannte Faiten zu Lëtzebuerg fir Opreegung gesuergt. D’Ausluedung vum israeelesche Stand gouf vu Vertrieder vun der jüddescher Communautéit, awer och zum Deel vun der Zivilgesellschaft, am Hibléck op de wuessenden Antisemitismus als Signal un déi jüddesch Bevëlkerung interpretéiert, sech ze verstoppen. Besonnesch brisant war an deem Kontext, datt d’Grande-Duchesse an d’Regierung de Basar besicht hunn, wuelwëssend, datt et dem israeelesche Stand onméiglech gemaach gouf, Presenz ze weisen.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un d’Regierung:

  1. Nodeems d’Police d’Sécherheetssituatioun analyséiert huet a keng konkret Gefor fir den israeelesche Stand gesinn huet, huet si dëst och den Organisateure vum „Bazar International“ matgedeelt? Gouf et am Virfeld vum Event en Austausch tëscht Vertrieder vun der Police an den Organisateure vum Event? Wa jo, wat gouf hei beschwat, respektiv decidéiert? Wär den Här Minister bereet gewiescht, fir den israeelesche Stand ënner Polizeischutz ze stellen? Wéi eng “Sécherheetsbedenken” goufe konkret diskutéiert? Vu weem wären déi Geforen ausgaangen?
  2. Ass et an den Ae vum Här Bausseminister net skandaléis, datt den israeelesche Stand um „Bazar International“, dee jo der Vëlkerverstännegung soll déngen, ausgeluede gouf?
  3. Wéi ass et an den Ae vum Här Staatsminister ze veräntwerten, datt d’Grande-Duchesse offiziell Presenz weist op engem Event, bei där d’Organisateuren et der israeelescher Vertriedung onméiglech gemaach hunn, hiert Land duerch e Stand ze vertrieden?
  4. Wéi reagéiert d’Regierung op d’Ausluedung vum israeelesche Stand géintiwwer den Organisateure vum “Bazar International”? Gi Konsequenze gefuerdert, ewéi z.B. eng offiziell Entschëllegung? Wéi eng Léiere gi fir d’Zukunft gezunn?

Äntwert:

Ad 1)
Wéi bei all gréisserem Evenement huet d’Police am Virfeld vum Bazar International eng Risikoevaluatioun duerchgefouert, a Fonctioun vun där si hire Sécherheetsdispositif opstellt. D’Police hat am Virfeld vum Bazar en Austausch mat den Organisateuren iwwert e Sécherheetskonzept.
Ad 2)
D‘Regierung ënnerstëtzt allgemeng d’Wäerter vum interkulturellen Echange an dem Multikulturalismus a fënnt et begréissenswäert wann e Maximum u Länner a Kulturen um Bazar International vertruede sinn.
Ad 3)
Datt den israeelesche Stand um Bazar international net vertruede war, ass net op Grënn oder Handlungen zréckzeféieren déi der Regierung oder der Grande-Duchesse zouzeschreiwe sinn.
Wéi och an der Vergaangenheet huet d’Grande-Duchesse duerch hier Presenz um Bazar och déi aner Stänn a vill Fräiwëlleger ënnerstëtzt, déi hier Zäit an Energie fir luewenswäert humanitär Zwecker asetzen.
Ad 4)
D’Regierung ass net den Organisateur vun dësem Evenement a mëscht sech net an d’Organisatioun vu privaten Initiativen an.

Deel dëse Post: