Baussepolitik: Realismus a keng Hypokrisie wgl!

A senger Interventioun iwwert déi baussepolitesch Deklaratioun vum Minister Asselborn vum 10. November betount den ADR-Fraktiounschef Fernand Kartheiser, datt eis Regierung absolut net konsequent ass, wa si an hirer Schéi-Wie(r)der-Politik iwwert Themen ewéi Gerechtegkeet a Mënscherechter schwätzt. Wou bleift nämlech den Engagement vun der Regierung, déi sech jo op de Fändel schreift, d’Rechter vu Minoritéiten ze schützen, wann et ëm déi grausam Diskriminéierung vun den Homosexuellerechter a Palestina geet? Wou bleift den Engagement vun der Regierung, déi sech jo op de Fändel schreift, sech staark ze maache fir d’Rechter vun de Fraen a Kanner, wann et ëm dat geplangte Filiatiounsgesetzer geet, wou Fraen zu Gebärmaschinnen diskreditéiert ginn an d’Kanner eng Wuer ginn?

Och déi illegal gemeinsam Verschëldung vun den EU-Staaten ass fir Gambia2 kee Problem. Dëst féiert zu ëmmer neie Spannungen a Grief am Euro-Raum. Datt d’Asylpolitik vun de leschte Joren – fir et frëndlech auszedrécken – en Echec war, deen och déi Lëtzebuerger Regierung matzeveräntwerten huet, liicht der Regierung bis haut net an.

D’ADR steet fir eng sozial an human Flüchtlingspolitik a versteet d’Asylrecht als temporäre Schutz fir Leit, déi verfollegt ginn. Ouni Kontrollen a Gesetzer e Migratiounstourismus ze fërderen ass an den Ae vun der ADR de falsche Wee a bréngt Problemer am Beräich vun der Integratioun mat sech. Alles an allem kann ee soen: D’ADR steet fir eng realistesch Baussepolitik ouni Hypokrisie.

Deel dëse Post: