Baussepolitik: onlogesch a minoritär an der EU [Video]

An der Debatt iwwer d’Baussepolitik an der Chamber, de 9. Mäerz 2016, huet de Fernand Kartheiser dem Bausseminister Jean Asselborn eng ganz Rëtsch Saachen ënner d’Nues geriwwen, déi absolut net logesch sinn. Ugefaang huet hie mat de Russland-Sanktiounen an der Ukraine. Monéiert gouf hei, datt ëmmer nei Grënn gesicht gi fir Russland ze strofen, datt awer d’Situatioun vun der Demokratie an der Ukraine net ënnert d’Lupp geholl gëtt.
Viru goung et mam Noen Osten: De Fernand Kartheiser mécht sech Suergen, datt den Embargo géint israelesch Produiten aus de besate Gebidder eng antisemitesch Mesure kéint sinn, well bei aner besate Gebidder op der Welt (Nordzypern, Nepal, Tibet …) keen esou en Embargo besteet. Mä och op Nofro huet de Bausseminister net op déi Fro geäntwert a sech verschanzt hanner méi enger grousser kultureller Verbonnenheet mat Israel. Eng kloer Fro also, déi eng besser Äntwert verdéngt gehat hätt.
Natierlech war Europa de Schwéierpunkt vum ADR-Deputéierte senger Interventioun. Wat geschitt mat Europa, wou d’ëffentlech Meenung ëmmer manner de Wee vum federalisteschen Iwwerstaat matdréit? Wat fir en Europa kréie mer, wa Groussbritannien erausgeet (Brexit) an d’Tierkei soll erakommen? Firwat gi Staaten, déi d’minoritär Meenung vun Däitschland an engem Grapp voll Länner, déi dat mat Lëtzebuerg ënnerstëtzen, net matdroen, diskriminéiert? Firwat siche verschidde Länner eng demographesch Erneierung duerch d’Immigratioun aus Krisegebidder, wa se wéi Lëtzebuerg näischt maachen fir datt duerch eng natalistesch Politik méi Kanner hei op d’Welt kommen?

Deel dëse Post: