Baussepolitik à la Asselborn: Déi aner si schold…

Wann een, ewéi Gambia2 dat zu Lëtzebuerg mécht, de Rechtsstaat mat Féiss trëppelt, brauch een net mam Fanger op déi aner ze weisen. De Fernand Kartheiser mécht dofir a senger Interventioun vum 12. November kloer, datt et fir e Lëtzebuerger Ausseminister net ubruecht ass, Polen, Slowenien an Ungarn als déi Béis ze diskreditéieren. D’ADR verurteelt iwwerdeems déi rezent terroristesch Attentater op d’Schäerfst – schued just, datt de Jean Asselborn bis haut refuséiert, d’Kand beim Numm ze nennen: Europa huet keng Plaz fir e radikaliséierte politeschen Islam an et ass och eng Konsequenz vun der naiver an ondifferenzéierter Flüchtlingspolitik vun Asselborn a Merkel, datt esou grujeleg Saachen an Europa iwwerhaapt passéieren. Den ADR-Fraktiounschef verurteelt och dem Jean Asselborn seng Attitüd iwwert d’Ofdreiwungspolitik a Polen: Et geet hei net ausschliisslech ëm d’Rechter vun de Fraen, ewéi de Jean Asselborn dat op seng gewinnt eesäiteg Manéier betount, mee och ëm d’Recht op e Liewe vu Kanner, déi mat enger Behënnerung gebuer ginn. Firwat gëtt d’Recht op Liewe vun deene Schwächste konsequent ausgeklamert? Dëst ass eng mënschefeindlech Politik, déi d’ADR nimools wäert matdroen. Eesäiteg an net nozevollzéien ass iwwerdeems och, datt eise Bausseminister all Effort fir Friddensgespréicher tëscht Israel an der arabescher Welt konsequent blockéiert. D’Baussepolitik vum Minister Asselborn ass eng Politik vun der Verletzung vum Rechtsstaat: Firwat solle geflücht Persounen net erëm an hiert Heemechtsland zeréckgoen, wann sech d’Situatioun do erëm gebessert huet, fir erëm matzehëllefen, déi Länner opzebauen? Fir de Jean Asselborn ass d’Asylrecht e liewenslaangt Recht – d’ADR seet dozou –  am Respekt zum internationale Recht –  kloer Nee!

Deel dëse Post: