Bamfällung laanscht d’Tramsstreck Kierchbierg – Findel

Enn Oktober gouf déi zukünfteg Tramslinn Kierchbierg – Findel presentéiert. Am Kader vun de betreffenden Aarbechte gi laanscht d’Autobunn Richtung Sennengerbierg op enger Fläch vun 3,2 Hektar Beem gefällt, fir dës nei Tramstrass ze erméiglechen. Als Kompensatiounsmoossnam dozou ginn an de Gemenge Jonglënster, Luerenzweiler an Nidderaanwen Beem op enger Gesamtfläch vun 8,6 Hektar ugeplanzt. Sinn d’Buergermeeschtere vun deenen dräi Gemenge vun dëser Decisioun vum Ëmweltministère mat agebonne ginn? 

Deel dëse Post: