Awunner vu Schëtter beschwéieren sech iwwer ëmmer méi Kaméidi duerch Fluchverkéier

De 16. Mee 2023 war am “Le Quotidien” ze liesen, datt d’ASBL “DIGHSE”, déi aus 200 Awunner vu Schëtter besteet, sech zënter Januar 2020 iwwer chaotesch Zoustänn beklot.
Mat chaoteschen Zoustänn si Kaméidi, Schuedstoffer a visuell Belästegunge vun de Fligeren, déi iwwert Schëtter fléien, gemengt. Ee vun de Vertrieder vun der ASBL behaapt, datt de Fluchverkéier iwwert sengem Quartier vu “0 op 50 Iwwerflich pro Dag explodéiert” wier.

Den Här Mobilitéitsminister huet affirméiert, datt et zu dësen drastesche Verännerunge komm wär, well den däitsche militäresche Beräich TRA (temporary reserved airspace) Lauter sech an der Géigend am Oste vum Land befënnt. D’ASBL DIGHSE behaapt, si hätt bei der däitscher Botschaft an dem zoustännegen däitsche Ministerium ouni Erfolleg no Beweiser fir déi Erklärung gefrot. D’ANA (Administration de la Navigation Aérienne) avancéiert dann nach, datt d’Anhale vun EU-Virschrëften de Grond fir d’Verännerunge wieren. Een Noper vum Findel seet dogéint, datt de Grond fir déi drastesch
Verännerungen eng Opfuerderung un d’Fluchgesellschafte wier, fir Kerosin ze spueren.

Et gëtt also zu engem Phenomen, dee per se net schéngt a Fro gezunn ze ginn, op d’mannst ganz ënnerschiddlech Erklärungen.

An deem Kader huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt.

Deel dëse Post: