Autosfuerer sinn och Mënschen, Här Bausch!

De grénge Verkéiersminister François Bausch huet seng Ofneigung géint privat Autoe schonn an der Vergaangenheet ni verstoppt a féiert dës Politik mat sengem neie Mobilitéitsplang, deen hei d’Grondlinne vun der Lëtzebuerger Politik bis 2035 definéiert, genee sou weider. “D’Stied sollen de Mënsche gehéieren an net den Autoen”. Just, d’Autoe fueren net vum selwen duerch d’Stied, mee ebe well Leit drop ugewise sinn. Fir d’ADR ass kloer: de Manktem u Verkéiersraum ass eng direkt Folleg vum onkontrolléierten, demographesche Wuesstem. Hei musse mir un d’Ursaach erun. Doriwwer eraus bréngt et awer näischt, déi eenzel Gruppe bei der Verdeelung vum ëffentleche Raum géinteneen auszespillen, mee mir sollten duerch technologesche Fortschrëtt, zum Beispill am Tunnelbau, neie Raum erschléissen. Duerfir brauch et awer den néidege politesche Wëllen. Ass de Minister Wëllens a capabel, deen ze liwweren?

Deel dëse Post: