Automateschen Zougrëff op Versécherungsstatus vu lëtzebuergeschen Autoe fir d’Police?

Am Hibléck op d’Parlamentswalen huet d’”Association des compagnies d’assurances et de réassurances” (ACA) eng Initiativ geholl, fir déi politesch Parteien op néng Prioritéiten opmierksam ze maachen. An enger vun dëse Prioritéite geet et ëm d’Autosversécherungen.

Am Fall vun engem onversécherten Auto muss d’Allgemengheet d’Laascht droen, fir d’Affer vun engem Akzident iwwert de “Fonds de Garantie Automobile” ze entschiedegen. Dëse Fong huet an de leschten dräi Joer duerchschnëttlech honnert Fäll pro Joer beaarbecht. Wann een dovunner ausgeet, dass een zu Lëtzebuerg eng vergläichbar Situatioun wéi an den
Nopeschlänner huet, da fueren tëschent 5.000 an 10.000 net verséchert Autoe mat enger Lëtzebuerger Plaque op eise Stroossen. Fir dëse Problem ze bekämpfen, proposéiert d’ACA, dass d’Police op en digitale Versécherungsregister zougräife kann, wou si mat Hëllef vum Nummereschëld iwwerpréiwe kann, ob en Auto verséchert ass oder net.

Och ass et zu Lëtzebuerg am Abléck esou, datt eng Persoun, déi der Police d’Versécherungsdokument vun hirem Auto net ka weisen, de Schlëssel vum Auto muss ofginn an den Auto immobiliséiert bleift, bis déi néideg Dokumenter kënne gewise ginn. Wann d’Police selwer Zougrëff op e Fichier mat de Versécherungsdaten hätt, wären esou ëmständlech
Prozeduren net méi néideg.

An dem Kader huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt.

Deel dëse Post: