Autocollanten a Spéngelen: 5 x Nee fir matzehuelen

De 7. Juni ass Referendum: D’ADR ass jo laang amgaang ze erklären an ze beweisen, datt d’Äntwert op déi dräi Froen nëmmen Nee, Nee an nach eng Kéier Nee ka sinn. A vill Leit am Land sinn elo scho mat där Vue ganz d’accord.

Fir déi Meenung och ëffentlech vertrieden ze kënnen, huet d’ADR Spéngelen (Gréisst: 2,5; 3,8 an 5 Zentimeter) an Autocollanten (10 a 15 Zentimeter) entworf, déi jiddereen, dee sech fir de Referendum interesséiert,  ka bestellen a sëch schecke loossen oder siche kommen. Eis Büroe sinn an der Stad hannert dem Palais (22, rue de l’Eau, Tél. 46 37 42 1, mail: adr@adr.lu). Et wär léif, wann Dir Iech kéint umellen, ier Der laanscht kommt, fir datt mer de Päckelche kënne preparéieren.

  • Eng Brochure, déi eis Positioun an den dräi Referendumsfroen erkläert an déi och am Detail weist, firwat dee consultative Referendum keen Afloss op eng eventuell Verfassungsännerung huet, fannt Dir  hei.
Deel dëse Post: