Auto a Parkplaze sinn och Liewensqualitéit

Sech tëschent A a B ze beweegen ass eng Ur-Aktivitéit vum Mënsch: fir ze joen, fir ze sammelen a fir Tauschhandel. Iwwer Millioune Joren huet sech eise Kierper zu engem multifunktionellen Transportmëttel adaptéiert: mir kënne lafen, sprangen, kloteren, erofsprangen, uschläichen, sprinten an auswäichen. Duerch eis kognitiv Fäegkeeten hu mir, am Géigesaz zu Déieren, nei Transportmëttel wéi Booter, Reitpäerd, Laaschtieselen a Ween mat Rieder erfonnt. Mee virun allem huet de Verbrennermotor am Auto eis individuell Beweegung revolutionéiert. Ouni si keng Industriegesellschaft, ouni Industriegesellschaft keen enormen Zouwuess u Liewensqualitéit: eis Liewenserwaardung huet sech verduebelt! Nach eng Kéier, mir ginn duebel esou al! Dat wär ouni Auto net méiglech gewiescht. E grousse Merci un den Auto!

Mee all Mobilitéit huet Risiken: Leit fale vum Päerd oder kommen an engem Autosaccident ëm. Mee wa mir awer lo 30 Joer méi laang liewen, da muss de Risiko vum Auto, inklusiv Ofgasen, relativ kleng sënn, well dës Netbilanz ass aussergewéinlech positiv. Eisen innovative Geescht huet och Risike reduzéiert, ugefaange mam Suedel, haut duerch de Gurt, den Airbag an de Katalysator. Innovatioun kënnt net vu Politiker oder Staatszentralismus, mee duerch déi fréi Maartwirtschaft: duerch Experten an Investore mat lokalem Wëssen.

Den Auto huet och de Mënsche méi Fräiheet gi par rapport zu der Uewerschicht. Mir fueren haut vu Wäiswampech op Esch an enger Stonn mam Auto. Virun 150 Joer huet een zwee Deeg gebraucht mam Päerd, an e Päerd war deier. Mee och haut symboliséiert den Auto d’Onofhängegkeet fir déi Jonk, well se domat direkt dohinner fuere kënnen, wou se wëllen hifueren.

Déi Fräiheet ass besonnesch wichteg fir eeler Leit. Si sënn un den Auto ugewisen, well deen hiren altersbedéngte Manktem u Mobilitéit kompenséiert. Dat selwecht gëllt fir Famillje mat Kanner, déi zu 4 an den Auto klammen an eppes zesumme fortfuere kënnen.

Mee de Liewens- a Fräiheetsbrénger Auto ass bei munchen zum Däiwel ginn. E bëssen esou wéi Atomenergie. Nëmmen déi negativ Säiten, déi et ginn, mee déi et bei allen aneren Alternativen och ginn, gi gekuckt an déi positiv Säiten ausgeblent. De Problem ass net, datt déi Leit den Auto aus hirem Liewen dränge wëllen, mee datt si probéieren de Staat ze mëssbrauchen, fir hire Choix all deenen anere Bierger opzedrängen.

Mee firwat existéiert Stau? All déi Leit am Stau kéinten dach entscheeden net méi den Auto ze huelen. Mee dat maachen se net, well den Auto trotz Stau hir bescht Optioun ass. Da solle se dat och maachen! Näischt verhënnert natierlech, datt de Staat an d’Privatindustrie Alternativen ubidden, mee express Parkplazen ewechzehuelen a Schikanen opzebauen ass de falsche Wee. Den arrogante Politiker un der Muecht mengt, besser wéi de Bierger ze wëssen, wat néideg a richteg ass fir de Bierger. Dëse Staatszentralismus huet nach ni gutt funktionéiert an ass katastrophal fir d’Innovatioun.

Do wëlle wierklech Parteien an der ganzer Stad Zon 30 aféieren, si wëllen, datt Autoe Vëloen net iwwerhuelen däerfen, an no all Baustell verschwanne Parkplazen. Dat ass genau de falsche Wee, well se d’Optioune vum Bierger absichtlech reduzéieren. D’Politik soll hir Energie asetzen, fir méi Optiounen ze schafen an déi Optioune qualitativ ze verbesseren.

Esou kann de Bierger sech dat Bescht erauswielen an doduerch kréie mir de bescht méiglechen Transportsystem.

Deel dëse Post: