Auswierkunge vun der COVID-Situatioun op d’Schwammkompetenzen

Et ass eng Sportaart där hir Wichtegkeet an der Schoul dacks ënnerschätzt gëtt: Schwammen. Vill Schüler ginn an hirer Fräizäit an ëffentlech Gewässer schwammen, wou si net zwangsleefeg ënner Opsiicht stinn. Kruten si och wärend der COVID-Kris déi néideg Kompetenzen un d’Hand fir onnéideg Geforesituatiounen ze vermeiden? A wéi steet den Här Schoulminister zu der Méiglechkeet, d’Roll vum Schwammmeeschter nees ze stäerken?

Deel dëse Post: