Ausluedung vum russeschen Ambassadeur am Kader vum Holocaust-Gedenkdag

De russeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, S.E. den Här Dmitry Lobanov, gouf vum Direkter vum Escher Resistenzmusée a vum Escher Buergermeeschter, am Kader vum „Internationalen Dag vum Gedenken un d’Affer vum Holocaust“ (27. Januar), fir d’éischt agelueden an dono rëm ausgelueden. De Fernand Kartheiser huet dozou e puer Froen un de Bausseminister:

Fro:

An engem oppene Bréif un den Direkter vum Nationale Resistenzmusée schreift de russeschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, S.E. den Här Dmitry Lobanov, dass hien den 9. Januar 2024 vum Direkter vum besote Musée a vum Escher Buergermeeschter ageluede gi war, am Kader vum „Internationalen Dag vum Gedenken un d’Affer vum Holocaust“ (27. Januar) un enger Gedenkfeier deelzehuelen. Hien hätt déi Invitatioun och dankend ugeholl, wier dunn awer, den 22. Januar, rëm ausgeluede ginn. Dëst mam Argument, déi Invitatioun wier „versehentlech“ un hie geschéckt ginn.

Den Ambassadeur weist a sengem Bréif drop hin, datt een deemno dat Land, dat viru bal 79 Joer d’KZ Auschwitz-Birkenau befreit hätt, „by mistake“ (ech zitéieren aus der englescher Iwwersetzung vum Bréif) agelueden hätt, an: „I think no one will dare to deny that without the collective feat of the Soviet people, the map of Europe and, probably, the entire planet, would look completely different today. If there were no sovereign state, the Grand Duchy of Luxembourg, there would be no museum, which you have the honour to head.”

Am leschten Abschnitt vum Bréif spekuléiert den Ambassadeur iwwer d’Grënn, déi zu senger iwwerraschender Ausluedung gefouert hunn, a léisst duerchblécken, datt den Direkter vum Resistenzmusée dës Ausluedung wuel ni aus eegener Initiativ formuléiert hätt: “Such a clumsy gesture could only be suggested to you by those who do not know history, or rather, want to forget it as soon as possible, so that it does not interfere with their political games in the name of absolutely opportunistic goals.”

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister confirméieren, datt d’Ausluedung vum russeschen Ambassadeur net mat der Lëtzebuerger Regierung ofgeschwat ginn ass, bzw. datt keen Drock vun der Lëtzebuerger Regierung op den Direkter vum Resistenzmusée, mam Zil, de russeschen Ambassadeur auszelueden, ausgeüübt ginn ass?
  • Och d’EU-Kommissioun huet op hirer Website en Artikel publizéiert, dee seet, datt d’KZ Auschwitz vun den „alliéierten Arméien“ befreit gouf. Déi rout Arméi gëtt net ernimmt. Et kann ee wuel dovun ausgoen, datt dës Formuléierung absichtlech gewielt gouf, fir d’Sowjetunioun an hiren Nofollegstaat Russland net missen ze ernimmen. Gesäit d’Regierung heiran eng Form vu Geschichtsverfälschung?
  • Ass d’Regierung an hirer Kommunikatioun gewëllt, fir déi onbestreitbar, historesch Verdéngschter vun der Sowjetunioun am Kampf géint den Nazismus ze ernimmen an domat och de sowjetesche Bäitrag fir d’Fräiheet an d’Onofhängegkeet vum Lëtzebuerger Land?
  • Huet déi Lëtzebuerger Regierung géintiwwer der russescher Ambassade Schrëtt ënnerholl, fir den diplomateschen Affront vum Resistenzmusée ze korrigéieren?

Äntwert:

Ad 1)
De Resistenzmusée war als Organisateur eleng responsabel fir den Oflaf vun der Zeremonie a fir
d’Aluedungen an d’Ausluedungen. Wéi üblech, ass d’Participatioun vun der Regierung op ville
Commemoratiounszeremonien mat den Organisateure koordinéiert ginn.
Ad 2)
D’Regierung kommentéiert am Prinzip keng Publikatioune vun aneren Organisatiounen.
Ad 3)
Déi Lëtzebuerger Regierung setzt sech weiderhi fir eng Gedenkkultur an, déi den Zweete Weltkrich a
senger ganzer Komplexitéit beliicht.
Ad 4)
Nee.

 

 

Deel dëse Post: