Auslännerwalrecht: Neen !

Dësen Artikel ass an der LW-Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

„D’ADR wäert alles maachen, fir d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwale kategoresch ze verhënneren“. Dës kloer Ausso huet den Deputéierte Gast Gibéryen bei enger Entrevue mat der ASTI gemeet. Eigentlech ass et eng Selbstverständlechkeet, datt nëmmen d’Nationalbierger hir Vertrieder an hiert nationaalt Parlament wielen. Dëst ass quasi an alle Länner vun der Welt de Fall, dëst ass esou zu Lëtzebuerg a muss och esou bleiwen!

Leider gëtt dës Selbstverständlechkeet net vun alle Parteie gedeelt. Esou soll vun der grousser Revisioun vun der Verfassung profitéiert ginn, fir duerch eng Hannerdier d’Auslännerwalrecht anzeféieren. Haut steet am Artikel 52 vun onser Constitutioun: “Pour être électeur, il faut: 1° être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise (…)”.

Den 13. Mee huet am Parlament d’Kommissioun fir d’Revisioun vun der Verfassung, op Propositioun vum President Paul-Henri Meyers (CSV), folgenden Text mat de Stëmme vun CSV, LSAP, DP an déi Gréng ugeholl, deen dës Conditioun soll ergänzen: „Une loi adoptée à la majorité qualifiée peut, dans les conditions qu’elle détermine, accorder le droit de vote à des non-Luxembourgeois“. Déi Lénk wëllen dobäi nach méi wäit goen. Soll dësen Zousaz ugeholl ginn, fënnt sech dann och iergendwann an der Chamber eng Majoritéit fir den Auslänner d’Walrecht fir d’Chamber ze sinn. An duerno vläicht fir d’Frontalieren?

De Kombel ass, datt am Lëtzebuerger Wort vum 19. August, op enger ganzer Säit, de Gilles Roth als CSV-Fraktiounspresident de Lieser wollt erklären, datt seng Partei géint d’Auslännerwalrecht fir d’Chamber ass. Hie schreift dobäi: “Wir sind der Meinung, dass dieses Recht ausschließlich den luxemburgischen Staatsbürgern zusteht“.

Dat muss ee fäerdegbréngen! An der Kommissioun eng Propositioun maachen, fir d’exklusiivt Walrecht fir d’Lëtzebuerger aus der Verfassung erauszehuelen, an da kuerz virun de Walen de Leit ze soen, et wier ee géint d’Auslännerwalrecht.

Eng Partei, déi géint d’Auslännerwal-recht bei de Chamberwalen ass, muss dann och drop halen, datt den Artikel 52 a senger aktueller Form muss an der Verfassung verankert bleiwen.

Nëmmen eng staark ADR-Presenz an der Chamber ka garantéieren, datt ee muss Lëtzebuerger sinn, fir an der nationaler Politik matzeschwätzen. Dofir besteet d’ADR drop, datt den Artikel 52 an der aktueller Form an der Verfassung bleift.

Deel dëse Post: