Auslännerwalrecht: “Migrations&Intégration” bei der ADR

E Freideg, den 28. November, huet de Fernand Kartheiser eng Delegatioun vun der Plattform „Migrations&Intégration“ an de Bureauen vun der ADR-Fraktioun empfaang. D’Organisatioun ass fir d’Auslännerwalrecht bei Nationalwahlen an huet e Pobeier mat Argumenter ausgeschafft, deen och d’Géigenargumenter wëllt widderleeën. Fir si ass et e Manktem un Demokratie, dass déi vill Auslänner hei am Land net kënne matbestëmmen.
Och ouni dass ee sech eenegen konnt, war et e spannenden an manéierlechen Debat, an deem de Fernand Kartheiser konnt d’Vue vun der ADR duerleeën. D’ADR ass géint dat Auslännerwalrecht bei Parlamentswahlen, dat d’national Souveränitéit géing ënnergruewen. Auslänner hei am Land hunn no siwe Joer d’Méiglechkeet, Lëtzebuerger ze ginn a mat wielen ze goen. D’ADR gesäit net an fir no zéng Joer en zweete Wee opzemaachen, fir d’Walrecht ze kréien.

De Fernand Kartheiser (r.) mat senge Gäscht vu „Migrations&Intégration“: Giovanni Rastrelli, Laura Borsi, Laura Zuccoli, Jean-Louis Schlesser, Serge-Arno Klumper (v.l.)

Deel dëse Post: