Ausbezuelung vun der Ligne de garde d’urgence

Vill Doktere waarden am Moment op d’Ausbezuelung vun hirer Garde d’urgence. De Jeff Engelen freet no, firwat dat sou laang dauert.

Fro:

Et ass eis zougedroe ginn, datt d’Remuneratioun, déi nach bis den 31.12.2022 fir d’Ligne de Garde d’Urgence vu villen Dokteren ausbezuelt goufen, säit dem 01.01.2023 nach net ausgeglach goufen.

An deem Kontext wéilt ech der Madamm Gesondheetsminister dës Froe stellen:

  1. Wat ass de Grond fir d’Aussetze vun de Remuneratiounen?
  2. Wéi vill Doktere si vun dësem Ausfall vun der Remuneratioun betraff? Wéi enge Beräicher gehéieren déi betraffen Dokteren un?
  3. Mat wéi engem Delai kënnen déi  betraffen Doktere rechnen, bis hir Remuneratioun ausgeglach gëtt?

Äntwert:

1. Wat ass de Grond fir d’Aussetze vun de Remuneratiounen?

Déi éischt Conventioun am Kader vum Pilot Projet « organisation d’un système d’indemnisation national
pour les gardes sur place et astreintes des médecins hospitaliers dans les centres hospitaliers et certains
établissements spécialisés » war applicabel vum 1. Juni bis den 31. Dezember 2022.
Doduerch dass den Avenant fir dëst Joer, ënner anerem aus budgetäre Grënn, réischt den 12. Abrëll 2023
vun allen Parteien konnt ënnerschriwwen ginn, huet d’Ausbezuele vun den Indemnitéiten ee Moment
missten ausgesat ginn bis dës administrativ Démarche ofgeschloss war.
Et sief nach ze präziséieren datt d‘Relevéen och just ausbezuelt kënne ginn wann se den Critèren vun der
Conventioun entspriechen.

2. Wéi vill Doktere si vun dësem Ausfall vun der Remuneratioun betraff? Wéi enge Beräicher gehéieren déi betraffen Dokteren un?

Am ganzen ginn et 30 Lignes „gardes sur place“ an 84 Lignes „d’astreinte”. Wéivill Dokteren dës Lignes
assuréieren ass ofhängeg vun der interner Organisatioun am Spidol an deemno och ënnerschiddlech vu
Mount zu Mount.
Et ass am Pilot Projet, op Basis vun den Gesetzestexter an a Kollaboratioun mat den Parties prenantes,
definéiert ginn a wéi engem Service hospitalier eng “garde sur place” oder eng “astreinte” prestéiert gëtt.
Am ganzen sinn 40 Spidols-servicer, op all Spideeler an établissements spécialisés opgedeelt, am aktuelle
Perimeter zréckbehale ginn.
Een Comité d’accompagnement et d’évaluatioun ass amgaangen den aktuellen Fonctionnement an
Perimeter ze analyséieren a kann Adaptatiounen virgesinn fir d’Pérennisatioun vum System fir 2024.

3. Mat wéi engem Delai kënnen déi betraffen Doktere rechnen, bis hir Remuneratioun ausgeglach gëtt?

D‘Relevéen, déi de Ministère fir d’Méint Januar a Februar krut, sinn schonn traitéiert an en cours de
liquidation. D’Indemnisatioun gëtt un Spideeler ausbezuelt, déi dann déi jeeweileg Dokteren mussen
ausbezuelen. Et ass och nach ze präziséieren datt nach net all Spidol d‘Relevéen fir d‘Méint Januar a Februar ragereecht hunn. Esou laang de Ministère kee Relevé krut, kann och näischt ausbezuelt ginn.
D’Relevéen fir de Mount Mäerz ginn de Moment vun de jeeweilegen Spideeler ragereecht.

 

 

Deel dëse Post: