Vill Leit reege sech driwwer op, datt et sou laang dauert, bis ee seng Klimabonus-Primmen ausbezuelt kritt. De Jeff Engelen huet dozou e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
Am Kader vum Klimabonus-Programm gëtt et keng gesetzlech festgeluechte Frist fir d’Ausbezuele vu Primmen. Et gëtt just festgehalen, datt déi finanziell Ënnerstëtzung an der Reegel direkt op de Konto vum Antragsteller iwwerwise gëtt. Eis ass awer zu Ouere komm, datt vill Leit ongewéinlech laang waarde mussen, bis si hir Primmen ausbezuelt kréien.
An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Wéi laang ass aktuell déi duerchschnëttlech Beaarbechtungszäit fir d’Ausbezuele vu Klimabonus-Primmen?
- Wéi vill Anträg op Klimabonus-Primme sinn aktuell nach ontraitéiert oder ginn aktuell traitéiert?
- Wéi eng Grënn féieren zu Verzögerunge beim Ausbezuele vu Primmen?
- Gëtt et aktuell genuch Personal, fir d’Anträg effizient ze traitéieren?
- Goufen an de leschte Méint Moossnamen ergraff, fir d’Beaarbechtungszäit op déi eng oder aner Manéier ze verkierzen? Wann nee, sinn esou Moossname fir d’Zukunft geplangt? Wa jo, wéi eng Moossnamen?
- Gëtt et eng Prioriséierung beim Beaarbechte vun den Anträg? Wa jo, no wéi enge Krittären?
- Wéi ginn d‘Antragsteller iwwer de Stand vun hirem Dossier informéiert?
- Wéi schneit Lëtzebuerg am Verglach mat aneren EU-Staaten a Bezuch op d’Ausbezuele vu Klimabonus-Primmen of?
- Ass d’Regierung bereet, reegelméisseg transparent Statistiken zum Ausbezuele vu Primmen ze publizéieren (z. Mount fir Mount)?