Ausbau vu „COPRAL” wär aktuell sënnvoll

Lëtzebuerg huet Rekrutementsproblemer bei den uniforméierte Beruffer. De sougenannte „COPRAL” – Coursen, déi am technesche Lycée zu Ettelbréck ugebuede ginn an zum Zil hunn, jonk Leit op e fräiwëllege Militärdéngscht virzebereeden – stellt eng sënnvoll Piste duer, fir deem entgéintzewierken. Den ADR-Deputéierte well an enger parlamentarescher Fro vum Arméi- an Educatiounsminister gewuer ginn, ob sech bis dato schonn e positive Bilan vum „COPRAL” zéie léisst? A firwat sollt een dëse Pilot-Projet net och op aner Beruffszweiger ausbauen a regional méi breet opstellen? Berechtegt Froen, déi elo op eng Äntwert waarden

Deel dëse Post: