De Kulturentwécklungsplang vun der Regierung verléiert wéineg Wierder iwwer d’Librairen, déi lokal Kulturveräiner, d’UGDA an d’Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten, déi all e ganz wichtege Bäitrag fir eis Kultur leeschten. An hirer parl. Fro un de Kulturminister fokusséiert sech d’Alexandra Schoos op d’Zukunft vun den ëffentleche Bibliothéiken.
Fro:
Der grousser Bedeitung vun den ëffentleche Bibliothéike fir d’Gesellschaft gëtt d’Realitéit hei zu Lëtzebuerg net ganz gerecht. Am Koalitiounsaccord vun der aktueller Regierung liese mir, datt si plangt, d’Bibliothéiken ze “stäerken”.
Vergläiche mer eist Land mat anere klenge Länner oder Regiounen, wéi Island, Malta, der däitschsproocheger Gemeinschaft vun der Belsch, dem Saarland oder mat Südtirol, sou stelle mer fest, datt Lëtzebuerg eisen Informatiounen no mat aktuell 15 Bibliothéiken, dovunner just 7 Gemengebibliothéiken, relativ schlecht ewechkënnt.
Am Koalitiounsaccord verflichte sech d’Regierungsparteien dozou, eis ëffentlech Bibliothéike quasi der moderner Zäit unzepassen, an dat iwwer verschidde Weeër:
- «La loi du 24 juin 2010 relative aux bibliothèques publiques sera soumise à une analyse critique en vue de l’adapter aux évolutions sociétales et aux exigences des publics.»
- «Le Gouvernement s’engagera à adapter les heures d’ouverture tout en veillant à un élargissement de l’offre des services des bibliothèques publiques et à une utilisation plus flexible.»
- «La création d’une carte de bibliothèque unique, qui donnera accès à toutes les bibliothèques publiques, est envisagée.»
- «Pour le Gouvernement, il est nécessaire de soutenir les bibliothèques publiques associatives et d’augmenter le nombre de bibliothèques communales.»
Dozou hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Kann den Här Kulturminister erklären, ob an awéiwäit dës Projeten no engem Joer CSV/DP-Regierung konkretiséiert goufen?
- Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt wéinstens all gréisser Gemeng eng Gemengebibliothéik misst hunn?
- Wéi gesäit aktuell de Plan d’urgence vun der Regierung aus, wat am Fall vu Brand oder Iwwerschwemmung mat wichtege Bibliothéiksbestänn geschéie soll?
- Mir brauchen ëmmer méi Bibliothecairen, Archivisten an Dokumentalisten (BAD) an hunn der elo schonn net genuch. De Bedarf an de Kulturinstituter, de Gemengenarchiven, de Schoulbibliothéiken an den ëffentleche Bibliothéiken, de Ministèren an de Verwaltungen, awer och an den Entreprisen an Organisatiounen ass grouss a wiisst weider. Dofir meng Fro: Wéi eng Efforten ënnerhëlt de Staat, fir dës Beruffsweeër ze promouvéieren an de Rekrutement vu qualifizéiertem Personal hei ze ënnerstëtzen?
- Fir d’Attraktivitéit vun eisen Duerf- a Stadbibliothéiken ze erhéijen, wier et wichteg an zäitgeméiss, fir an deenen Infrastrukturen och administrativ Servicer unzebidden. Huet d’Regierung wëlles, sech mat de betraffene Persounen, Federatiounen, Associatiounen a Strukturen auszetauschen, fir e flott a sënnvollt Konzept auszeschaffen, bei deem déi reng Bicherbibliothéik zu enger moderner Déngschtleeschtungsbibliothéik transforméiert gëtt, zu där och gehéiert, datt d‘Clienten am Aganksberäich vun de Bibliothéike beispillsweis kënne Verwaltungsgäng maachen, Attestatiounen ofhuelen, Concertskaarte kafen, digital Déngschtleeschtungen an Usproch huelen oder Fundsaachen ofginn?
- De Strofvollzuch ass en anere Beräich, wou Bibliothéiken eng wichteg Roll spillen. Bildung, Ausbildung a Beschäftegung si fir Prisonéier vun enormer Bedeitung. Kann den Här Minister confirméieren, datt all Prisonéier Zougank zu Dageszeitungen an zu Bicher huet? Ginn d’Prisongsbibliothéike reegelméisseg aktualiséiert? Ginn et dozou konkret Zuelen?
Äntwert:
Äntwert vum Kulturminister Eric Thill an der Justizministesch Elisabeth Margue op d‘parlamentaresch Fro n° 1675 vum 17. Dezember 2024 vun der Honorabeler Deputéiert Alexandra Schoos
Ier mir op déi spezifesch Froen aginn, schéngt et eis noutwenneg, de Kontext vun der Lëtzebuerger Bibliothéikslandschaft kloerzestellen. Am Géigesaz zu deem, wat déi Honorabel Deputéiert an hirer parlamentarescher Ufro schreift, setzt dëse sech nämlech aus wäit méi wéi 15 Bibliothéiken zesummen.
De Reseau vun de Lëtzebuerger Bibliothéiken, bibnet.lu, repertoriéiert aktuell 93 Memberen. Dorënner falen déi 12 agreéiert ëffentlech Bibliothéiken, esou wéi se vum Gesetz vum 24. Juni iwwert d’ëffentlech Bibliothéiken definéiert ginn. Dës Bibliothéike ginn haaptsächlech vun hire jeeweilege Gemenge gedroen, respektiv finanzéiert; verschiddener direkt, anerer, am Fall vun enger ASBL, iwwert Conventiounen. Dozou komme 45 Bibliothéiken aus dem Formatiouns- an Enseignementsberäich, 26 spezialiséiert Bibliothéiken an 9 wëssenschaftlech an digital Bibliothéiken.
1. Kann den Här Kulturminister erklären, ob an awéiwäit dës Projeten no engem Joer CSV/DPRegierung konkretiséiert goufen?
De Kulturministère huet den 24.Mee 2024 op d’sektoriell Assisë vun de d’Bibliothéiken invitéiert, déi am Zeeche vun der Reform vum Gesetz fir ëffentlech Bibliothléike stoungen. Op Basis vun dësen Echangë mam Secteur huet de Kulturminister konkret Pisten ugekënnegt, mat deenen d’Regierung d’Bibliothéiksgesetz un d’Besoine vun enger moderner Bibliothéikswelt wëll upassen. Fir eng autonom Gestioun vun de Bibliothéiken z’ënnerstëtzen, plangt d’Regierung d’Krittären, déi Bibliothéike erfëlle musse fir vun de staatleche Subventioune kënnen ze profitéieren, ze flexibiliséieren. Fir de klengen associative Bibliothéike besser ënnert d’Äerm ze gräifen, sollen och d’Hëllefen ugepasst ginn.
2. Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt wéinstens all gréisser Gemeng eng Gemengebibliothéik misst hunn?
Den Zougang zur Bildung an zum Wëssen ass e Grondsteen vun enger demokratescher a fräier Gesellschaft. D’Bibliothéike spillen hei eng zentral Roll, déi mam reforméierte Gesetz duerch cibléiert finanziell Hëllefe weider gestäerkt soll ginn. D’Initiativ fir eng Bibliothéik ze grënnen, ënnerläit weiderhin eleng de Gemengenresponsabelen.
3. Wéi gesäit aktuell de Plan d’urgence vun der Regierung aus, wat am Fall vu Brand oder Iwwerschwemmung mat wichtege Bibliothéiksbestänn geschéie soll?
De Kulturministère huet an enger Lettre circulaire vum 27. Abrëll 2023 d’Direktioune vun de kulturellen Instituter vum Staat opgefuerdert e Plan de Gestion de crise opzestellen, deen niewent dem klassesche Plan d’intervention fir d’Hëllefsdéngschter och en Aktiounsplang virgesäit, an deem wäertvoll Bestänn am Noutfall geschützt solle ginn. Och wann de Kulturministère heifir de Kader setzt, ass un den Instituter selwer dësen Aktiounspläng opzesetzen, well deen ëmmer vum Objekt, de Realitéiten an de Moyennen, déi een op der Plaz virfënnt, ofhänken.
4. Mir brauchen ëmmer méi Bibliothecairen, Archivisten an Dokumentalisten (BAD) an hunn der elo schonn net genuch. De Bedarf an de Kulturinstituter, de Gemengenarchiven, de Schoulbibliothéiken an den ëffentleche Bibliothéiken, de Ministèren an de Verwaltungen, awer och an den Entreprisen an Organisatiounen ass grouss a wiisst weider. Dofir meng Fro: Wéi eng Efforten ënnerhëlt de Staat, fir dës Beruffsweeër ze promouvéieren an de Rekrutement vu qualifizéiertem Personal hei ze ënnerstëtzen?
D’Regierung promouvéiert BAD-Beruffer iwwert eng Panoplie vun ënnerschiddleche Mesuren. D’Nationalarchiven an d’Nationalbibliothéik, awer och aner Kulturinstituter ënnerstëtzen z.B. d’ASBLe Jonk BAD an de VLA bei hire Sensibiliséierungsmanifestatioune fir Schüler a Studente fir d’Beruffer vum Bibliothécaire, Archivist an Dokumentalist ze begeeschteren. Och d’Kulturinstituter engagéiere sech, andeems si Stageplazen offréieren oder och Summerjobs fir Schüler virgesinn. D’Nationalbibliothéik huet sech an hirer “Vision 2030 – la BnL en voie de transformation” virgeholl, zesumme mat anere Partenairen aus der Wëssenschafts- a Kulturlandschaft berufsorientéiert Moosnamen unzegoen. An de verschiddenen Häiser ginn et zudeem eenzel Mesuren, fir d’Beruffer ze promovéieren.
5. Fir d’Attraktivitéit vun eisen Duerf- a Stadbibliothéiken ze erhéijen, wier et wichteg an zäitgeméiss, fir an deenen Infrastrukturen och administrativ Servicer unzebidden. Huet d’Regierung wëlles, sech mat de betraffene Persounen, Federatiounen, Associatiounen a Strukturen auszetauschen, fir e flott a sënnvollt Konzept auszeschaffen, bei deem déi reng Bicherbibliothéik zu enger moderner Déngschtleeschtungsbibliothéik transforméiert gëtt, zu där och gehéiert, datt d‘Clienten am Aganksberäich vun de Bibliothéike beispillsweis kënne Verwaltungsgäng maachen, Attestatiounen ofhuelen, Concertskaarte kafen, digital Déngschtleeschtungen an Usproch huelen oder Fundsaachen ofginn?
D’Iddi administrativ Servicer an de Fonctionnement vun eise Bibliothéiken z’integréieren ass begréissenwäert. Et ass scho vill Viraarbecht geleescht ginn: 2022 hat de Kulturministère eng Consultation publique ausgeruff. Aus den 12 Avise vun den Acteure aus dem Bibliothéikswiesen ass eng Synthees vum Conseil supérieur des bibliothèques (kuerz CSB) verfaasst ginn, déi 2023 am Kader vun engem thematesche Workshop präsentéiert gouf. Aus deenen Diskussiounen, grad ewéi aus allen Avisen, déi agereecht goufen, ass kloer ervirgaangen, datt den aktuelle legale Kader ze vill enk ass, an datt all d’Bibliothéiken, souwéi och hir Träger an hier Lieser a Lieserinnen, sech eng Liberaliséierung wënschen. Iwwert di lescht Méint huet de Kulturministère un engem Kader fir Entwécklungsméiglechkeete geschafft.
6. De Strofvollzuch ass en anere Beräich, wou Bibliothéiken eng wichteg Roll spillen. Bildung, Ausbildung a Beschäftegung si fir Prisonéier vun enormer Bedeitung. Kann den Här Minister confirméieren, datt all Prisonéier Zougank zu Dageszeitungen an zu Bicher huet? Ginn d’Prisongsbibliothéike reegelméisseg aktualiséiert? Ginn et dozou konkret Zuelen?
An den dräi Prisongen huet all Detenu Zougang zu Dageszeitungen a Bicher. Eng Ausnam dozou ass am Prisong Uerschterhaff, wann d’Prisonéier vum Untersuchungsriichter eng Interdiction de communiquer ausgeschwat kruten. An dem Fall hu si keen Zougang zu Dageszeitungen. An deenen dräi Prisongen gëtt d‘Bibliothéik reegelméisseg aktualiséiert mat all Genre vu Literatur. D’Prisonge kréie vill Bicher vu Leit vu bausse geschenkt, déi en Don un d‘Bibliothéik wëlle maachen. Am Centre pénitentiaire de Luxembourg (CPL) ginn et iwwer 10.000 Bicher a verschiddene Sproochen: däitsch, lëtzebuergesch, franséisch, portugisesch, englesch, italieenesch, spuenesch, hollännesch, arabesch, ukrainesch, chineesesch, rumänesch, polnesch, russesch… D‘Bibliothéik gëtt vun Detenue gefouert. D’Detenuen, déi Bicher wëllen ausléinen, hunn d‘Méiglechkeet dat 1 Mol d’Woch ze maachen. Am Prisong Uerschterhaff (CPU) kënnen d’Prisonéier sech bis zu véier Bicher gläichzäiteg ausléinen an dat fir eng Dauer vu véier Wochen. Op Demande vum Prisonéier kann dës Period och nach emol fir véier Woche verlängert ginn.
Vun November 2022 bis Dezember 2023 sinn 4533 Bicher an d’Sortiment vun der Bibliothéik komm, dovunner krut de CPU ëm déi 200 Bicher vu private Leit gespent. Am Joer 2024 sinn nach emol 114 nei Bicher dobäikomm. All dräi Méint gëtt eng nei Bestellung fir nei Bicher gemaach, sou dass d’Sortiment vun der Bibliothéik reegelméisseg aktualiséiert gëtt.
De Prisong vu Giwenech (CPG) verfüügt iwwert eng Prisongsbibliothéik, wou Bicher kënnen ausgeléint ginn. E feste Budget ass virgesi fir a reegelméissegen Ofstänn nei Bicher an Zeitungen unzeschafen. Zur Zäit gëtt den Detenuen, an Zesummenaarbecht mat der „Lëtzebuerger Liesmapp“ eng Auswiel vu 15 verschiddenen Zäitschrëften zur Verfügung gestallt, déi ëmmer mat der aktuellster Editioun equipéiert ass. Dobäi kommen nach 6 fest Abonnementer. D’Theme gi vun Hobby a Fräizäit iwwert Kultur bis hin zu Geschicht a Psychologie. Déi portugisesch Lokalzeitung „Contacto“ gëtt gratis vum Verlag zur Verfügung gestallt. Et gouf e Formulaire ausgeschafft fir d’Interesse vun den Detenuen ze ermëttelen an op där Basis eng entspriechend Offert u Bicher an Zeitungen zesummenzestellen. Ënnert anerem sinn an der Bibliothéik Romaner, Fach- a Saachliteratur, Comicbicher, Lexikonen an d’helleg Schrëfte vun de Weltrelioune vertrueden.
Aktuell ëmfaasst d’Bibliothéik am CPG em déi 2500 Bicher an ongeféier 25 verschidden Zeitungen (dorënner och Dages- a Wochenzeitungen) a follgende Sproochen: däitsch, lëtzebuergesch, franséisch, portugisesch, englesch, italieenesch, spuenesch, hollännesch an arabesch. D’Prisongsbibliothéik vum CPG soll zukünfteg och dozou déngen, den Detenuen en adequät Ëmfeld fir hir Weiderbildung ze bidden.