Aus der Krankekeess falen, ouni informéiert ze ginn

Ginn d’Leit hei am Land vun der Krankekeess informéiert, wa si aus dem System rausfalen? De Jeff Engelen freet no.

Fro:

Eis ass zu Ouere komm, datt eng Persoun, déi an hirer Apdikt Medikamenter ofhuele wollt an dobäi hir Sécurité-sociale-Kaart huet misse weisen, gesot krut, si wier nemméi am CCSS affiliéiert, an dat säit 3 Méint. Dës Persoun war also dräi Méint laang, ouni et ze wëssen, net krankeverséchert. Si war vum CCSS awer net doriwwer informéiert ginn.

An deem Zesummenhang hunn ech folgend Fro un den Här Minister:

  • Ginn et Bestëmmungen, déi festleeën, datt e Versécherten, deen aus dem System vun der Krankekeess fält, doriwwer vum CCSS informéiert muss ginn? Wa jo, wéini an a wéi enger Form muss déi betreffend Persoun doriwwer informéiert ginn? Wann nee, ass den Här Minister net der Meenung, datt esou eng Bestëmmung misst agefouert ginn, verbonne mat Informatiounen doriwwer, wéi déi betreffend Persoun erëm an de System erakomme kann?

Äntwert:

De Code vun der sozialer Sécherheet gesäit allgemeng vir, fir all Persoun déi agestallt ass, datt wann d’Aarbechtsrelatioun op en Enn geet, d’Persoun ofgemellt muss ginn. Dee Moment kritt déi betraffe Persoun en Austrëttszertifikat vum Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) geschéckt. Den Datum vum Envoi vun dësen Dokumenter hänkt awer dovunner of, wéini d’Persoun vum Employeur ugemellt, respektiv ofgemellt gouf. Jee nodeem an ewéi enger Situatioun d’Persoun ass, ka si ufroen fir iwwer eng Coassurance verséchert ze ginn, oder si ka sech fräiwëlleg weider versécheren. Beim Courrier vum CCSS läit e Begleitschreiwes dobäi, an deem wou d’Persoun dorop higewise gëtt. Wann d’Persoun sech innerhalb vun den dräi Méint no der Desaffiliatioun fräiwëlleg verséchert, leeft d’Versécherung weider (assurance volontaire continuée). Allerdéngs gesäit den Artikel 18, Alinea 2, vum Code vun der sozialer Sécherheet vir, datt no enger obligatorescher Affiliatiounsperiod, d’Persoun d’Gesondheetsleeschtunge vun der Krankeversécherung wärend enger Zäit nach zegutt huet. D’Statute vun der Gesondheetskeess (CNS) gesinn an dësem Fall dräi Méint vir, wat och e Lien mat der Weiderversécherung duerstellt. Esouguer wann d’Persoun net méi krankeverséchert wär, ka si also nach wärend dësen dräi Méint d’Gesondheetsleeschtungen an Usproch huelen. Et ginn awer no a no ëmmer méi Demarchë, respektiv Informatiounen, op de Portail MyGuichet.lu gesat. Dës Demarchë oder d’Consultatioun vum Status vun der Affiliatioun, sollen och iwwer dëse Portail accessibel ginn, respektiv sinn et deelweis schonn.

Deel dëse Post: