Aus der Chamber: Zuchverbindung, Vertrag vu Lissabon an ECRI

Den 19. Juni ass an der Chamber iwwert eng Rei ënnerschiddlech Punkten diskutéiert ginn.

Fir d’éischt huet d’Chamber e Gesetzprojet zur Zuchverbindung Lëtzebuerg-Tréier gestëmmt. Et geet drëms, datt Lëtzebuerg sech finanziell un d’Infrastrukturaarbechten tëscht Igel an Igel-West bedeelegt. Hei ass d’Interventioun vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Duerno ass de sougenanntenen “Protokoll zu den Anliegen der irischen Bevölkerung bezüglich des Vertrags von Lissabon” approuvéiert ginn.

Um Ordre du jour stoung och eng Aktualitéitsstonn zum 4. Rapport vum ECRI (Europäesch Commissioun géint Rassismus an Intoleranz).

Deel dëse Post: