Atomkraaft an Äerdgas an der EU-Taxonomie?

Iwwer Joren huet d’Regierung sech géint eng Integratioun vun Atomkraaft an Äerdgas an der EU-Taxonomie gewiert. Fir hir de Bierger hiren ideologesche Projet vun de sougenannte Gréngen Energien op d’Aen drécken ze kënnen, war et schliisslech wichteg, datt dës etabléiert an zouverlässeg Energieformen net vun deenen nämmlechte Steierkonditioune profitéieren, wéi industriell Wandanlagen a Photovoltaik. Nodeems d’Regierung dunn zu Bréissel iwwerstëmmt gouf, huet si nach am Juli, wéi sech déi gréissten Energiekris säit Joerzéngte längst ofgezeechent hat, annoncéiert, eng Plainte beim Europäesche Geriichtshaff ze deposéieren. Gesäit d’Regierung dës Moossnam weiderhin als gerechtfäerdegt?

Deel dëse Post: