D’Police mécht Interventiounen an déi privat Sécherheetsdéngschter sinn alarméiert, an awer ass d’Situatioun an den Asylantenheemer, punkto Sécherheet wéit ewech vun optimal.
Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig der Regierung déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister an un den Här Familljeminister weiderzeleeden.
Am Zesummenhang mat der ugespaanter Sécherheetslag an Asylantenheemer, géif ech der Regierung gär follgend Froe stellen:
- Kann d’Regierung eis eng Statistik iwwer all Sécherheetsvirfäll an de leschte 5 Joer virleeën, opgelëscht no Asylantenheem an no Typ vu Virfall?
- Bei wéi vill vun de Virfäll war eng Police-Interventioun néideg?
- Wéi vill privat Sécherheetsagente sinn aktuell pro Asylantenheem am Asaz? Wéi huet sech d’Gesamtzuel vun allen Agenten an de lëschte 5 Joer entwéckelt?
- Wat fir Aufgaben erfëllen dës Agenten? Wat sinn hir Missiounen, wat ass hir Verantwortung, hir Aarbechtsorganisatioun a wat sinn hir Präsenzzäiten?
- Op wéi enger gesetzlecher Basis baséieren d’Interventioune vu private Sécherheetsagenten, besonnesch fir geféierlech Situatiounen ze kontrolléieren?
- Wéi gëtt garantéiert, datt dës Agente keng Aufgaben iwwerhuelen, déi faktesch an de Kompetenzberäich vun der Police falen?
- Denkt d’Regierung doriwwer no, déi aktuell Sécherheetskonzepter ze änneren? Wat fir alternativ Approche wäre méiglech (zum Beispill: verstäerkt staatlech Präsenz, eng aner sozial-professionell Begleedung, an eng aner Preventiounsaarbecht)?
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig
Deputéierten