Asyl: Regierung naiv a konzeptlos

No enger larmoyanter Ried vum Premier Xavier Bettel huet de Fernand Kartheiser fir d’ADR d’Regierungspolitik a Saachen Asyl schaarf mä sachlech a fair kritiséiert. Selbstverständlech huet hien ënnerstrach, datt Mënschen, déi a Nout sinn, well se verfollegt ginn oder virun engem Krich fortlafen, musse gehollef kréien.
Duerno huet hie gesot, datt d’Regierung net weess oder net wëllt soen, wéi laang a fir wivill Leit Hëllef néideg ass. Hien huet gefrot fir eng illegal Immigratioun ze verhënneren an déi Leit direkt nees heemzeschécken. Der Regierung géing et virun allem un Kosequenz felen a si wär do fir d’Gesetzer anzehalen a keng neier ze erfannen.

Dofir dierft d’Regierung och keng falsch Signaler ausschécken. Et géing awer och drëm goen, d’Integratioun ze réusséieren, am Respekt vun der Lëtzebuerger Kultur an der Lëtzebuerger Traditioun. Eee Grond, firwat d’ADR schonn 2014 e Burka-Verbuet gefuerdert huet.

De Fernand Kartheiser huet d’Regierung opgefuerdert d’Gesetzer anzehalen a keng nei Gesetzer ze erfannen. Et géingen zwou Kategorie Leit ginn, déi missten hirer Situatioun entspriechend gehollef kréien: Politesch Verfollegter a Krichsflüchtlingen. Wirtschaftsflüchtlingen, déi illegal an d’Land kommen, hätten hei keng Plaz. Schliisslech huet hien insistéiert, datt fir déi Leit, déi eng Chance hätten, ze bleiwen, Lëtzebuergesch misst d’Integratiounssprooch sinn.

Um Enn vu senger Ried huet den ADR-Deputéierten un Toleranz appeléiert an d’Meenungsfräiheet verdeedegt vu Leit, déi net mat der Regierungspolitik d’accord sinn.

Deel dëse Post: