Asyl fir de Roman Protassewitsch?

Am Mee 2021 hat de Regimm vum belarussesche President Alexander Lukaschenko ee Ryanair-Fliger um Wee vun Athen op Vilnius mat engem Kampffliger zur Tëschelandung zu Minsk gezwongen. Dës erzwonge Landung gouf deemools mat enger akuter Bommendreeung begrënnt. Ënner deene méi wéi honnert Passagéier u Bord waren och de Regimmkritiker Roman Protassewitsch, Matbegrënner vum Telegram-Kanal Nexta, a seng Frëndin Sofja Sapega. Déi jonk Koppel gouf no der Landung verhaft. De Roman Protassewitsch gouf no dëser Aktioun vun de Staatsmedien am Belarus viru lafender Kamera humiliéiert a sëtzt säitdeem am Belarus fest. Kéint de Lëtzebuerger Bausseminister net beim belarussesche President intervenéieren, fir datt de Roman Protassewitsch, d‘Sofja Sapega an eventuell nach aner politesch Gefaangener aus dem Belarus ausreesen an zu Lëtzebuerg kéinten Asyl kréien?

Deel dëse Post: