ASTI an ADR: Ënnerschiddlech Positiounen

Am Kader vun den Entrevue fir d’Wale virzebereede war och d’ASTI op Besuch bei der ADR. Och wann et eng Rei ënnerschiddlech Usiichte ginn, zum Beispill iwwer d’Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch fir d’Integratioun oder d’Walrecht fir Auslänner bei de Chamberwalen, esou ass d’Reunioun awer an enger frëndlecher a konstruktiver Ambiance verlaf. Esou wuel d’ADR wéi d’ASTI stelle fest, datt Lëtzebuerg gréisstendeels vum Phenomen vu Rassismus a Xenophobie verschount ass, an datt dëst och esou muss bleiwen. Dobäi mussen awer d’Theme vu Migratioun an hir Aflëss op d’Gesellschaft vun der Politik kloer ugeschwat ginn, fir datt net d’Diere fir extremistesch Stréimunge grouss opgemaach ginn.
Fir d’Asti hunn d’Laura Zuccoli, d’Christiane Tonnar an de Sergio Ferreira un der Entrevue deelgeholl. D’ADR war vertrueden duerch d’Deputéiert Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser, de Generalcaissier Detlev Xhonneux an den Member vum Sekretariat Alalin Kleeblatt.

Deel dëse Post: