Asselborn äntwert net: Dont acte, fäerdeg! [Video]

An der Chamber huet de Fernand Kartheiser dem Bausseminister Jean Asselborn eng einfach Fro gestallt: War 1915 an der Tierkei e Genozid um armenesche Vollek? Genee dat hat d’Chamber an enger Resolutioun festgehalen. Wourop hin d’Tierkei hire Botschafter zeréckgezunn huet. Wourop hin den Här Asselborn an der Tierkei d’Roll a Bedeitung vun der Chamber zu Lëtzebuerg erofgespillt huet. Wourop hin de Botschafter nees op Lëtzebuerg konnt kommen.

Zwar huet de Bausseminister net op dem Deputéierte Fernand Kartheiser seng Fro nom Vëlkermord geäntwert. Mä hien huet déi scho bal Gambia-typesch Arroganz un den Dag geluecht a seng Net-Äntwert mat engem “Dont acte, fäerdeg!” ofgeschloss. Eben dee Mangel u Respekt virum Parlament, deen de Fernand Kartheiser him virgehäit huet.

 

Deel dëse Post: