Lëtzebuerg gleeft Däitschland, datt de BND net hei spionéiert!

Nodeems de “Bundesnachrichtendienst”, den däitsche Geheimdéngscht also, scho méi laang als Kompliz vun der US-Spionage do stung, hat d’däitsch Press am Oktober gemellt, de BND hätt och fir de Kont vu Berlin aner europäesch Botschaften, Verwaltungen a Betrieber ausspionéiert. De Fernand Kartheiser wollt an enger Fro un de Staatsminister Xavier Bettel Detailler iwwer dës Spionageaffär. Mir kënnen all berouegt schlofen: D’Lëtzebuerger Autoritéiten hu fein nogefrot an Däitschland huet geäntwert, si hätten eng Ausnam gemaach a Lëtzebuerg natierlech net ausspionéiert.

Deel dëse Post: