Lëtzebuerg hänkt zu engem groussen Deel vu senger Finanzplaz of, mee ass Lëtzebuerg eng gutt Plaz fir Banken? An enger Entrevue hunn d’Vertrieder vun der ABBL (Association des Banques et Banquiers, Luxembourg) hir Suergen duergeluecht, awer och op d’Wichtegkeet vun hiren Aktivitéiten higewisen. Eng 70.000 Leit sinn op der Finanzplaz direkt oder indirekt beschäftegt (ouni d’Assurancen), all Sechste schafft hei am Land fir d’Finanzplaz an en Drëttel vun de Steiere vun de Betriber gëtt vum Finanzsecteur erbruecht.

Mee fir datt dat esou bleift, muss d’Wettbewerbsfäegkeet gehalen ginn, an dat geet net, wann ëmmer méi Käschten an Oplagen op d’Banken zoukommen. Et mussen Talenter aus der ganzer Welt ouni Problem hei am Land Aarbecht kënne fannen. Banke verdroen och keng ze vill Steieren a sinn net esou verwuerzelt, datt si net kéinten hir Geschäfter an en anert Land verleeën. Ze meeschteren si fir d’Banken och eng “gro” Konkurrenz vun Entreprisen, déi Bankgeschäfter ubidden, ouni enger Reglementatioun ze ënnerleien an d’Erausfuerderung vun der Digitaliséierung. De Bankendaachverband gesäit awer och Defiziter, wat d’schoulesch Opklärung iwwer Finanzen ugeet. Eng weider Kärfuerderung dréit em d’Flichte vun engem moderne Staat: e Ministär, dee sech ausschliisslech ëm déi ëmmer méi komplex Finanzwelt këmmert an eng national Vertriedung op héijem Niveau an internationale Gremien. Et war eng spannend Diskussioun, déi Guy Hoffmann a Vic Maas (ABBL-President a säi Virgänger) an de Serge De Cillia, Direkter, mat Gast Gibéryen a Roy Reding gefouert hunn.