Ass Lëtzebuerg e Frënd vun Israel?

Et ass guer net esou liicht, ze duerchkucken, wéi d’diplomatesch Relatiounen tëscht zwee Länner sinn. Awer d’Ofstëmmungen an den UN-Gremien schwätze bestëmmt eng däitlech Sprooch. Besonnesch, wann ee Land Israel ass a sech d’UN-Gremien opfälleg dacks mat der No-Ost-Problematik befaassen.

Fir elo gewuer ze ginn, ob d’Lëtzebuerger Regierung  Israel gutt gesënnt ass, huet de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro gestallt. Et geet drëms, iwwer d’Stëmmverhalen erauszefannen, ob d’Haltung vun eisem Land zu Israel frëndlech, neutral oder negativ ass.

Deel dëse Post: