Ass “Holz vun hei” iwwerhaapt vun hei?

Et kléngt op den éischte Bléck wéi eng luewenswäert Initiativ. Miwwel mat Holz wat an heemesche Bëscher geschloen an hei verschafft gouf, sollen an Zukunft besonnesch zertifiéiert ginn. Mee an engem Artikel vum Lëtzebuerger Wort gi schwéier Virwërf erhuewen. Beim Ausschaffe vun dësem Label huet d’Regierung international etabléiert Normen a Préifkrittären ignoréiert, déi si awer zum Deel selwer vu privaten Acteure fuerdert. Si ignoréiert déi eege Gesetzer. Des Weideren inszenéiert se sech lo als Beschützer vun der lokaler Holzindustrie, mee huet virdru wärend Joren nogekuckt, wéi se vu chinesesche Staatsbetriber systematesch futti gemaach ginn ass.

Deel dëse Post: