Ass d’ADR rietspopulistesch ?

Fir d'ADR-Familljepolitik intresséiert déi däitsch Zeitung sech absolut net ...

„Die Zeit“ geheit der ADR an hirer aktueller Editioun vir, rietspopulistesch ze sinn. Pardon, falsch gelies: „Die Zeit“ seet, d’ADR wär rietskonservativ bis rietspopulistesch, dat ass u sech jo kee Virworf.

Hei d’Definitioun vun Populismus laut „Zeit“ (eckeg Klammeren si vun eis bäigesat):

Im Kern steht jedoch immer: das Volk. Eine homogene Einheit, zu deren Sprachrohr sich der Populismus aufschwingt, deren vermeintlichen „Willen“ er zu vertreten sucht. [Dieses Volk wird zumeist in zwei Richtungen von „den Anderen“ abgegrenzt. Nach oben, gegen die Elite, die Herrschenden und zu den Seiten, gegen Andersdenkende.]

Firwat déi eckeg Klammeren? Abee, d’ADR grenzt keen aus, dat steet och an eisem Walprogramm esou an an eisem Grondsazprogramm (hei en Extrait aus eisem Walprogramm 2013 mam Titel „Identitéit“):

Luxemburg, als einer der kleinsten Mitgliedstaaten der Europäischen Union, hat proportional den größten Anteil an ausländischer Bevölkerung. Etwa 44% der derzeitigen Bevölkerung sind Ausländer, zu denen ja auch noch in verschiedenen Hinsichten die Grenzgänger hinzugezählt werden müssen. (…)

Die ADR erkennt an, dass Luxemburg sich ohne diesen Zustrom an neuen Einwohnern und Grenzgängern nicht zu dem hätte entwickeln können, was es heute ist. (…)

Gerade in wirtschaftlich schweren Zeiten ist der Kampf gegen Fremdenhass (Xenophobie) besonders wichtig. Wegen der Vielfalt von Kulturen auf kleinstem Raum und des erhöhten Risikos von Fremdenhass (Xenophobie) in Krisenzeiten, ist es von besonderer Bedeutung, dass durch ein harmonisches Zusammenleben der soziale Frieden sowie eine Gesellschaft, in der sich alle für gemeinsame Ziele und den sozialen Zusammenhalt einsetzen, gewahrt werden.

Alle Einwohner, die durch die Krise oder andere Schicksalsschläge in Not geraten, haben Anrecht auf Hilfe vom Staat, sei es über das Netz der Sozialversicherungen oder die nationale Solidarität. Es darf aber nicht sein, wie verschiedene Ausländerorganisation dies gelegentlich fordern, dass spezielle Hilfen oder Kriterien bei Ausländern angewendet werden: Luxemburger dürfen nicht zu Bürgern zweiter Klasse in ihrem eigenen Land werden! (…)

  

 

Dass mir eis awer am Kär ëmmer em d’Leit këmmeren, déi eis wielen (oder och net), ass wouer. Dozou sti mer als Partei, an dorop si mer houfreg. A mir fannen esouguer, dass all Partei besser hätt, sech ëm hiert Land an hier Leit ze këmmeren, ewéi em sech selwer an hier eegen Täsch.

Där mierkt schonn, wann do „d’Leit“ steet, klengt dat vill méi manéierlech, wéi wann een op däitsch vum „Volk“ schreift, wou dee Begrëff dach negativ belaascht ass.

An och d’Ausgrenzung „nach oben, gegen die Elite, die Herrschenden“ gehéiert net zum ADR-Programm. Au contraire steet dës Partei dofir, dass hei am Land eng fir all Säite gerecht Rentepolitik gemaach ginn ass, wou d’Staatsbeamten an d’Salariéen op engem Fouss stinn.

Hei elo dann d’Aschätzung vum ADR duerch d‘“Zeit“:

Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR)

Forderungen nach Spracherhalt und Verschärfung des Asylrechts gegen „Wirtschaftsflüchtlinge“ stehen im Zentrum. 2012: weiter Rechtsschwenk

Politische Verortung

Rechtskonservativ bis rechtspopulistisch

Mitglieder

2.000 (2014)

Jüngste Wahlergebnisse

Abgeordnetenhaus 2013: 6,64%; Europawahl 2014: 7,53

Fir d’éischt fält op, dass mär (esouguer an de kriteschen Aen vun därer Zeitung“) net wierklech „rietspopulistesch“ sinn. ´t ass schwéier, eis Partei an déi Këscht ze drécken, well mer einfach net dra passen, duerfir kréie mär dann den duebel schwammege Stempel vu „rechtskonservativ bis rechtspopulistisch“. Dat klengt gutt, mais et heescht net ganz vill: Wann Der Walprogrammer vun alle Parteien hei am Land eng Kéier liest, mierkt Der séier, dass kaum ee vun deene Pobeieren wierklech riets ass oder wierklech lenks. Mais och mat der Ausso, dass mär eng riets Politik méi konsequent vertrieden wéi eng C-Partei, déi sech jo gär „an der Mëtt“ (net riets, net lénks, net Fësch, net Fleesch) gesäit, kann d’ADR ganz gutt liewen.

Dass awer esou enger renomméierter Zeitung e krasse Feeler ënnerleeft, ass verwonnerlech. D’ADR ass eben net fir eng „Verschärfung des Asylrechts gegen ‚Wirtschaftsflüchtlinge‘“. Mär wëlle just, dass d’Gesetzer ugewannt ginn, déi ganz kloer an däitlech sinn, an dass Leit, déi kee Recht hunn, hei am Land ze sinn, well se d’legal Konditiounen net erfëllen an doheem keng politesch Verfolgung riskéieren, no Ofschloss vun eiser Rechtsprozedur och net hei am Land bleiwen. Mais mat esou enger Nuance wär et nach méi schwéier ginn, eis an déi rietspopulistesch Këscht ze drécken. Duerfir och de „Rechtsschwenk“, fir deen ee sech emol net d’Méi gëtt, fir en ze dokumentéieren, ze beleeën oder ze beweisen …

Eis politesch Aarbecht just op d’Sprooch an op Asylrecht ze reduzéieren, ass natierlech och eng Frechheet: Familljepolitik (dofir och eis Artikelfoto), Budget, Conventioun tëscht Kierchen a Staat, Verkéierspolitik, iwwerall hu mir eegen alternativ Positiounen, déi awer hei einfach ignoréiert ginn.

Wéi entsteet esou en Artikel, wou jo nëmmen e puer Zeilen iwwer d’ADR stinn? Mais „Die Zeit“ (komm mer nennen dës Zeitung emol einfach lénksintellektuell) freet e Lëtzebuerger Korrespondent (deen da jo och wahrscheinlech lénksintellektuell ass). Oder sie schéckt e Journalist (dee bal sécher lénksintellektuell ass), fir hei zu Lëtzebuerg ze recherchéieren. Dee freet dann natierlech Journalistekollegen, mat deenen hie sech gutt verdréit (och politesch), déi also grad esou lénksintellektuell sinn. An déi zielen him dann eppes iwwer d’ADR. A wann hie säin Artikel mat hire Wieder geschriwwen huet, da schreiwe si, hien hätt dat an „Die Zeit“ gesot. Dobäi huet hie jo nëmmen widderholl, wat si gesot hunn.

Firwat dat Spill? Net „Die Zeit“, mais hire Lëtzebuerger Informanten geet et drëm, der ADR ze schueden. Well eng Partei, déi d’Wourecht seet, ass net gutt gesinn. A wann een hier bei all Geleeënheet Extremismus a Populismus virgeheit, amplaz sech mat hiren Argumenter ausenaner ze setzen, ass dat dach vill méi einfach. Dat fënnt jo och eise Premierminister kammoud.

Nach e lescht Wuert: Eise Numm mécht natierlech, dass mir ganz vir an därer Lëscht vun der „Zeit“ optauchen. Dat ass Pech … mais zentrumsorientéiert demokratesch Reformpartei kenne mer eis jo wierklech net nennen, fir dass dat net méi virkënnt.

Mär sinn eben déi eenzeg riets Partei hei zu Lëtzebuerg, déi d’Wourecht ka soen an déi näischt ze verstoppen huet. An dat wëlle mer och bleiwen.

 

Deel dëse Post: