Asiicht a Konzessiounsvertrag mat RTL, Dank der ADR!

Schonn 2017 hat d’ADR iwwer eng Motioun gefuerdert datt d’Chamber misst Asiicht an de komplette staatleche Konzessiounsvertrag mat RTL kréien.

Ganz rezent huet d’Verwaltungsgeriicht an engem Urteel Gréng Luucht ginn datt dësen net ëffentleche Vertrag vun den Deputéierten nogekuckt ka ginn.

D‘Urteel vum Verwaltungsgeriicht geet iwwregens op eng Klo vun de Piraten zréck. D’ADR huet hir Motioun vun deemools, op alle Fall, nachmol zum Vott bruecht an huet dorobber bestanen datt eng séier Asiicht an de Vertrag tëscht dem Staat an RTL zustane kënnt. Dat war natierlech net nom Goût vun de Majoritéits-Deputéiert vun de Gambia-Parteien déi blockéiert hunn an d’ADR-Motioun net matgestëmmt hunn.

Iwwerdeems d’Oppositioun geschlossen derfir gestëmmt huet. Sécher ass awer elo datt och Dank der ADR de Konzessiounsvertrag vun den Deputéierten zougänglech gemaach gëtt, allerdéngs ass nach net kloer ënnert wat fir enger Form.

 

Deel dëse Post: