Aserbaidschanesche Gas an aserbaidschanesch Kanounekugelen

print

Vun Europa nëmmen duerch d’Schwaarzt Mier a Georgien getrennt, ass e Krich amgaang tëscht Armenien an Aserbaidschan, an deem et ëm d’Regioun Bierg.-Karabach geet. Fir d’éischt huet d’aserbaidschanesch Artillerie elo armenesch Géigenden ausserhalb dëser Grenzregioun beschoss an et solle vill Affer gi sinn. Mee Aserbaidschan huet versprach, seng Gasliwwerungen un d’EU an de nächste Joren ze verduebelen an dementspriechend gedaamt sinn d’diplomatesch Reaktiounen. De Fernand Kartheiser freet beim Bausseminister Jean Asselborn no, ënnert anerem firwat  keng Sanktiounen am Gespréich sinn.

 

 

Fro

Den Aserbaidschan an Armenien hunn zënter laange Joren ee Konflikt, deen ëmmer emol nees bluddeg gëtt. Ganz rezent sinn nei Artillerie-Ugrëff vum Aserbaidschan op armenescht Gebitt. D’Ziler leien ausnamsweis net am Bierg-Karabach mee baussent där Regioun, déi Aserbaidschan fir sech an Usproch hëlt trotz der majoritär armenescher Bevëlkerung. Dat ass eng Verschäerfung vun der Krichssituatioun, där och vill Mënschen zum Affer gefall sinn. Dozou  wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

  1. Den Aggressor Aserbaidschan kritt weder vun Europa nach vu Lëtzebuerg mat Sanktioune gedreet, wann hien Armenie ugräift. Ass dat net eng duebel Moral vun der europäescher a lëtzebuergescher Baussepolitik, wann een et mat der ukrainesch-russescher Situatioun vergläicht?
  2. Zënter Juli gëtt et europäeschersäits no de Wierder vun der Kommissiounspresidentin Madamm von der Leyen „ein neues Kapitel in der Energie-Zusammenarbeit” mam Aserbaidschan, dee seng Gasliwwerungen un Europa verduebelt. Gëtt et keng moralesch Bedenke fir mat engem erwisenen Diktator an Aggressor vun engem Nopeschland an Energiefroen zesummenzeschaffen?
  3. De Lëtzebuerger Bausseminister huet an der Vergaangenheet scho méi schaarf formuléiert Kritik um aserbaidschanesche Krich geüübt. Ass dee récksichtsvollen Ëmgang haut op wirtschaftlech Interessen zeréckzeféieren?