Aserbaidschanesche Gas an aserbaidschanesch Kanounekugelen

Vun Europa nëmmen duerch d’Schwaarzt Mier a Georgien getrennt, ass e Krich amgaang tëscht Armenien an Aserbaidschan, an deem et ëm d’Regioun Bierg.-Karabach geet. Fir d’éischt huet d’aserbaidschanesch Artillerie elo armenesch Géigenden ausserhalb dëser Grenzregioun beschoss an et solle vill Affer gi sinn. Mee Aserbaidschan huet versprach, seng Gasliwwerungen un d’EU an de nächste Joren ze verduebelen an dementspriechend gedaamt sinn d’diplomatesch Reaktiounen. De Fernand Kartheiser freet beim Bausseminister Jean Asselborn no, ënnert anerem firwat  keng Sanktiounen am Gespréich sinn. – Och hei eng auswäichend Äntwert …

 

Fro

Den Aserbaidschan an Armenien hunn zënter laange Joren ee Konflikt, deen ëmmer emol nees bluddeg gëtt. Ganz rezent sinn nei Artillerie-Ugrëff vum Aserbaidschan op armenescht Gebitt. D’Ziler leien ausnamsweis net am Bierg-Karabach mee baussent där Regioun, déi Aserbaidschan fir sech an Usproch hëlt trotz der majoritär armenescher Bevëlkerung. Dat ass eng Verschäerfung vun der Krichssituatioun, där och vill Mënschen zum Affer gefall sinn. Dozou  wéilt ech dem Här Minister dës Froe stellen:

  1. Den Aggressor Aserbaidschan kritt weder vun Europa nach vu Lëtzebuerg mat Sanktioune gedreet, wann hien Armenie ugräift. Ass dat net eng duebel Moral vun der europäescher a lëtzebuergescher Baussepolitik, wann een et mat der ukrainesch-russescher Situatioun vergläicht?
  2. Zënter Juli gëtt et europäeschersäits no de Wierder vun der Kommissiounspresidentin Madamm von der Leyen „ein neues Kapitel in der Energie-Zusammenarbeit” mam Aserbaidschan, dee seng Gasliwwerungen un Europa verduebelt. Gëtt et keng moralesch Bedenke fir mat engem erwisenen Diktator an Aggressor vun engem Nopeschland an Energiefroen zesummenzeschaffen?
  3. De Lëtzebuerger Bausseminister huet an der Vergaangenheet scho méi schaarf formuléiert Kritik um aserbaidschanesche Krich geüübt. Ass dee récksichtsvollen Ëmgang haut op wirtschaftlech Interessen zeréckzeféieren?

Äntwert

Äntwert vum Här Aussen-an Europaminister, Jean Asselborn, op d’parlamentaresch Fro no 6843 vum 14. September 2022 vum honorabelen Deputéierten Här Fernand Kartheiser
1) Den Aggressor Aserbaidschan kritt weder vun Europa nach vu Lëtzebuerg mat Sanktioune gedreet, wann hien Armenien ugräift. Ass dat net eng duebel Moral vun der europäescher a lëtzebuergescher Baussepolitik, wann een mat der ukrainesch-russescher Situatioun vergläicht?
D’Europäesch Unioun verurteelt d’grenziwwerschreidend Gewalt géint Armenien. Als Konsequenz huet d’EU, déi offiziell als Mediateur fungéiert, eng “mission civile” an den Haut-Karabakh geschéckt.
2) Zënter Juli gëtt et europäeschersäits no de Wierder vun der Kommissiounspresidentin Madamm von der Leyen “ein neues Kapitel in der Energie-Zusammenarbeit” mam Aserbaidschan, dee seng Gasliwwerungen un Europa verduebelt. Gëtt et keng moralesch Bedenke fir mat engem erwisenen Diktator an Aggressor vun engem Nopeschland an Energiefroen zesummenzeschaffen?
Den Aserbaidschan huet enger EU Zivilmissioun zougestëmmt an et gëtt kontinuéierlech un enger pazifistescher Léisung fir d’Situatioun am Haut-Karabakh geschafft. Den Aserbaidschan ass, wéi och Armenien, Member vum Partenariat Oriental. Den Partenariat Oriental ass eng Initiativ vun der Europäescher Union fir d’Zesummenaarbecht an verschiddene Beräicher ze fërderen, fir sou Stabilitéit an Fridden an der Regioun ze schafen.
3) De Lëtzebuerger Bausseminister huet an der Vergaangenheet scho méi schaarf formuléiert Kritik um aserbaidschanesche Krich geübt. Ass dee récksichtsvollen Ëmgang haut op wiertschaftlech Interessen zeréckzeféieren?
Den 13. September 2022, huet den Ausseminister op Twitter d’Ugrëffer vun Aserbaidschan op Armenien kloer verurteelt:
„Luxembourg is deeply concerned at reports about military operations by Azerbaijan directed against Armenia that have caused many casualties. Hostilies must stop. FM #Asselborn calls on both parties to refrain from further escalation.”

Deel dëse Post: