Asaz vun eise Satellitten am Virfeld vum Héichwaasser?

De 15. a 16. Juli gouf d’Lëtzebuerger Land vun enger Héichwaasserkatastroph getraff, wéi et se op ville Plaze säit Joerzéngten net méi gouf. Am Géigesaz zu fréiere Generatiounen, verfüge mir haut allerdéngs iwwert nach ni gekannten Opklärungsméiglechkeeten, déi entspriechend Fréiwarnungen erlaben. Trotzdeem huet d’Regierung genau an deem Punkt katastrophal versot. An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Fred Keup huet si souguer zweedeiteg ze verstoe ginn, datt an den Deeg virdrun net emol op d’Donnéeë vun eise Wiedersatellitten zeréckgegraff gi wier. Falls dat sou sollt stëmmen, e klore Skandal. Wéi ass dës Ausso also genee ze interpretéieren?

Hannergrond:

Deel dëse Post: