De 15. a 16. Juli gouf d’Lëtzebuerger Land vun enger Héichwaasserkatastroph getraff, wéi et se op ville Plaze säit Joerzéngten net méi gouf. Eng direkt Konsequenz: e groussflächege Stroumausfall. Déi wichtegst an zouverlässegst Ofhëllef: Klassesch Dieselaggregater. U sech eng Banalitéit, wann eis Regierung net aus ideologeschem Äifer en onerkläerte Krich géint dëse Kraaftstoff géif féieren. Wéi eng Léiere ginn aus den Erfarunge vum Héichwaasser gezunn?