358 Asätz vun der Police a Flüchtlingsheemer banne 14 Méint!

Net manner wéi 358 Interventiounen huet d’Police tëschent dem 1.Juli 2015 an dem 30. September 2016 missen a Flüchtlingsheemer registréieren. Dëst geet aus der Äntwert vum Minister fir bannenzegt Sécherheet op eng Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ervir.

An de meeschte Fäll goung et ëm Streidereien a Hëllefsleeschtungen, dëst lescht bezeien sech ënner anerem op verbal oder physesch Aggressiounen op Sécherheetsbeamten. All Strofdot wär dem Parquet gemellt ginn, esou de Minister.

Datt dës Interventioune seele bis ni iwwert am Bulletin vun der Police gemellt géifen, hätt mam Respekt vum Privatliewen ze dinn, a mam Prinzip datt een esou laang net Schëlleg ass, bis datt ee condamnéiert ass.

(Photo: OLAI)

Deel dëse Post: