Artuso-Rapport: Lëtzebuerger allermeeschtens Affer net Täter!

An der Chamber huet de Fernand Kartheiser den 9. Juni Stellung geholl zum Artuso-Rapport iwwer d’Schicksal vun de Judden am Zweete Weltkrich. Dat nodeems d’Chamber an d’Regierung sech fir all méiglech Verfeelungen hei zu Lëtzebuerg entschëllegt haten. De Fernand Kartheiser huet kloer unerkannt, datt et Kollaboratioun gouf. Hien huet ausdrécklech begréisst, dat d’Chamber sech eestëmmeg entschëllegt.

De Fernand Kartheiser stellt awer och fest, datt deen aussergewéinleche Schrack awer éischter eenzel Kollaboratioun viséiert. “D’Lëtzebuerger waren zum allergréissten Deel Affer, net Täter”, ënnersträicht hien. An en beschreift dee ganz klengen Handlungsspillraum, deen d’Lëtzebuerger Verwaltung nom Amarsch hat, grad ewéi d’Richtegkeet vun der Decisioun vun der Groussherzogin an der Regierung, fir an den Exil ze goen. Den Artuso-Rapport, deen hien deelweis am Detail kritiséiert huet,  wär och net de Schluss, mä et misst un dem Kapitel viru geschaft ginn.

Deel dëse Post: