Archeologesch Entdeckungen: Ass fir d’néideg Mëttele gesuergt?

Ëmmer erëm ginn intressant archeologesch Entdeckungen hei am Land gemaach, wouvu verschiddener vu gréisserer Bedeitung sinn, wéi beispillsweis den Tëtelbierg.

Huet d’Regierung e Konzept fir d’Ofsécheren, d’Erfuerschen an d’Valoriséiere vun nei entdeckten archeologesche Sitten? Wat sinn déi personell, rechtlech, materiell a budgetär Méiglechkeeten? Wéi ass dSituatioun speziell um Tëtelbierg a wat ass fir d’Réimervilla zu Iechternach geplangt? Dës si just e puer Froen, déi de Fernand Kartheiser un d’Madame Kulturminister an den Här Minister fir Tourismus geriicht huet.

 

Deel dëse Post: