Antoniushaff: Wou sinn d’Aarbechten drun?

Antoniushaff zu Wëntger: Wou sinn d’Aarbechten drun? De Jeff Engelen huet nogefrot!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Finanzminister an un den Här Minister fir ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Op meng Fro mat der Nummer 3772 vum 4. Mäerz 2021 betreffend den Antoniushaff an der Gemeng Wëntger gouf mir Folgendes geäntwert:

Ee genauen zäitleche Kader fir d‘Ëmsetzung vun engem konkrete Projet gëtt et aktuell nach net. D’ANF an de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung hunn de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten  iwwert de Projet informéiert an dobäi och éischt Elementer en vue vun der Conceptioun geliwwert.

Am Moment leeft d’Ufroo vu Säite vun der ANF fir eng Naturschutzgeneemegung. Op Basis vun dëser kann eréischt een definitive Projet entworf ginn. Et gëtt domat gerechent dass mam Bau an de nächsten 1 bis 2 Joer kann ugefaang ginn“.

Allerdéngs muss een haut feststellen, datt d’Aarbechten nach net ugefaangen hunn.

An dësem Kontext hätt ech folgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi wäit ass dëse Projet vun der ANF fortgeschratt oder gëtt et an der Tëschenzäit een neie Projet?
  2. A wéi engem zäitleche Kader kann elo mat der Ëmsetzung vun dësem Projet gerechent ginn?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen

Deel dëse Post: